Eng Reklamm fir de Latinum an de Graecum

Wen eventuell Loscht huet fir an enger Summervakanz Latäin oder Algriichesch léieren ze goen, dem kann ech aus eegener Erfahrung  recommandéieren sech un den « Institut für alte Sprachen » zu Marburg  (Hessen) ze adresséieren (www.ifas-marburg.de). Den IFAS ass privat, also leider net gratis, mä d’Couren sinn vun ausgezeechenter Qualitéit an den Engagement vun den Dozenten ass virbildlech. Kontaktpersounen sinn déi Hären Christoph Kuhn (Latäin) a Roland Richter (Algriichesch).

E bësschen houfreg  sinn ech drop, dat duerch meng Interventioun beim Unterrechtsministär en Accord konnt fonnt ginn, den et lo och erlaabt dat Lëtzebuerger déi net an Däitschland wunnen, net hir Première do gemaach hunn an och net do stodéieren,  an Rheinland-Pfalz déi sougenannten « Ergänzungsprüfung in Lateinisch und Griechisch »  maache kënnen.  Rechtlech Grondlag dofir ass eng Ofännerung vun der « Landesverordnung über die Ergänzungsprüfungen in Lateinisch und Griechisch » déi eng « Ausnahmeregelung » krut. Et musse en awer eng begrënnten Demande maachen, well et geet ëm « begründete Einzelfälle ». Sollten Leit Problemer kréien, wat ech awer net gleewen, da wär ech frou, wann si mir kéinte Bescheed soen.

Sou Demanden mussen bis de 15. Februar (fir d’Prüfungen am März zu Koblenz an zu Mainz), respektiv bis de 15. August (fir d’Prüfungen am September zu Tréier an zu Landau) beim « Bildungsministerium »  gemaach ginn.

D’Postadress ass déi hei:

Ministerium für Bildung, Wissenschaft, Weiterbildung und Kultur

Mittelere Bleiche 61

D – 55116 Mainz.

Ech encouragéieren jiddereen den Zäit a Loscht huet, fir déi klassesch  Sproochen ze léieren ! Et mecht onheemlech vill Freed!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Kultur, Sproochen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert