Frëndschaft a Solidaritéit mat Amerika, Friendship and solidarity with the United States

Nodeems ech elo vill Deeg laang Artikelen iwwer Prism, X-Keyscore an ähnleches méi gelies hunn, mengen ech, datt et un der Zäit wär, datt och mol e Lëtzebuerger Politiker géng kloer an däitlech soen: I am friend of the United States of America! 

Net Amerika ass eise Feind, mee d’Terroristen an déi  Kriminell – am Spaweck genee sou wéi an eisem net informatiséierte Liewen. D’Geheimdéngschter vun den demokratesche Staaten hëllefen eis dëss Geforen ze bekämpfen. Ech sinn net naiv a kennen och déi manner schéin bis ganz däischter Säiten vun der amerikanescher Geschicht. Och ech sinn ni vum George Bush jr. sengem Irak-Krich iwwerzeegt gewiecht, och ech condamnéieren d’Folter, inklusiv de „waterboarding“, an geheim Prisongen an och ech wënsche mir an hoffen, datt d’USA iwerall an ëmmer hiren eegenen, héigen Mënscherechtsstandarden kënne gerecht ginn.   

Mee Amerika ass zënter 9/11 eng gepéngegt Natioun. An ech stinn solidaresch op der Säit vun eisen amerikanesche Frënn, och wann ech munches net richteg fannen. Mee meng Kritik ass ni e verkleetenen Anti-Amerikanismus, mee den Ausdrock vun der Suerg ëm e gudde Frënd.

Bei der Kontroll vum Spaweck wär méi Ofstëmmung  tëschent den Alliéierten sënnvoll gewiecht. De Schutz vun der Privatsphär vun normale Bierger an d’Verhënnerung vun der Industriespionage sinn berechteget Uleies vun der europäescher, ëffentlecher Meenung. Eis politesch Ustrengungen sollten als Zil hunn d’Vertrauen ze stärken an dobäi awer déi Kriminell kënnen efficace ze joen. Mir brauchen méi transatlantesch Zësummenaarbecht an méi Kontroll bei där sonner Zweifel néideger a sënnvoller Iwwerwaachung vum Spaweck.

The National Security Agency (NSA) and their staff do a valuable job in the interest of the US and  its Allies. Their relentless efforts have protected many innocent people from cowardly, murderous attacks. Not only the United States but many other countries around the world engage in electronic intelligence. For this reason alone, but also for many others more, it would be wrong and even dangerous to downgrade our efforts in this field.

We Europeans, including the Government of Luxembourg,  have to cooperate more closely with the  US Government in order to agree on a set of rules aiming at protecting the interests of our law-abiding citizens  as well as the economic and other interests of our Nations.  This should be done  in a spirit of mutual trust and confidence. 

I thank the United States and its security agencies for all that they do to protect the freedom and the security of our countries. Clearly, Europeans do not bear enough of this burden. Therefore, we shouldn’t limit our contributions to naive criticism but we should stand ready to shoulder responsibility for a greater part of our common defense.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Frëndschaft a Solidaritéit mat Amerika, Friendship and solidarity with the United States

  1. Marcus sagt:

    Herr Kartheiser,
    Ech stemmen an der regel mat aeren Blogs 100% iwereneen, an desem Fall allerdengs denken ech dass d’Amerikaner ze weit gin. An dass een Staat sou granulair seng Bierger protokoleiert an iwerwacht. D’U.S.A. entwecklen sech emmer mei zu engem Iwerwachungsstaat, an ruesten hier Polizei mat Militaer Maschineri op. Ech gesin net wei ene Bierger an den U.S. den den gouvernement bezillt daat gudd fannen kann.

    An den laeschten Deeg ass een Act annuleiert gin vun 1952 deen vebueden huet dass den Staat daerf propaganda machen an „public opinion“ daerf manipuleieren. Wisou get sou een Act annuleiert? Sou incidenten tauchen emmer mei op, an ech gesin neicht scheines dorun.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert