CID-Femmes: näicht verstanen!

De „Conseil national des femmes“ an den „CID-Femmes“ iwwerschwemmen dëser Deeg déi politesch Parteien alt nees mat hiren gewinnten Fuerderungen no Paritéit op de Lëschten, bei de politesche Funktiounen, an sou virun. Bei alle Parteien ass de Constat awer den nämlechten: vill ze wéineg Fraen engagéieren sech an der Politik, vill ze mann sinn der wëlles op enger Lëscht ze kandidéieren. Aanecht wéi déi feministesch Lobbyen respektéieren ech awer déi Decisioun vun ville Fraen. Keen ass gezwongen fir an d’Politik ze goen, an wen keng Loscht oder aner Prioritéiten huet, dee soll et eben sinn loossen. 

Déi Tatsaach, datt awer all Partei ganz aktiv Frae sicht fir op hir Lëschten, bedeit datt d’Fraen et an der Politik net ieren méi schwéier wéi d’Männer hunn, mee datt si et am Géigendeel vill méi liicht hunn fir eng Chance ze kréien. Dat selwecht gëllt fir déi méi héich Parteifunktiounen an verschiddenen Parteien.

Eigentlech interessant ass bei all denen feministischen Propagandabréiwer, Communiquéën an Interviewen nëmmen fir ze gesinn, wéi primitiv argumentéiert gëtt. De CID-Femmes schéisst seng eegen Argumentatioun z.B. selwer of. An engem Bréif  „La parité sur les listes électorales – un gage de démocratie“  weisen si op eng beandrockend Aart a Weis, datt si vun hiren eegenen „Theorien“ näicht verstanen hunn.

http://www.cid-femmes.lu/id_article/919

De CID-Femmes nennt sech well „CID Femmes et Genre“ (Frauen und Gender). Lo ass jo d’Gender-Theorie awer eng , déi bekanntlech wëll den biologeschen Geschlechterkonzept ganz duerch e sozialen Geschlechtskonstrukt ersetzen. Firwat also iwwerhaapt nach eng Geschlechterparitéit nom biologeschen  „Fraen“/“Männer“ Critère?

De Combel ass dëse Saatz: „De plus, il s’avère que des listes alternant des candidats de sexe masculin et féminin ont un effet positif pour une représentation plus équilibrée des genres en politique.“ Dat ass eng glaat Datz! Well „sexe“ a „genre“ ass eben grad net dat nämlecht! Un sech ass et sou, dat d’Applicatioun vun der „théorie du genre“ (Gender) all biologesch Geschlechterdenken  ad absurdum féiert, inklusiv iwwregens e CID „Femmes“. Wéi wär et mat engem „CID identité féminine momentanément et culturellement choisie ou initialement déterminée par un milieu socio-éducatif avec orientations sexuelles multiples, alternées et variables possibles“. Dat géng d’Saach natierlech schonn méi einfach  an  méi kloer maachen!

Ech hunn schonn ëmmer de Feminismus als eng an vun denen intellektuell dommsten Theorien an der Geschicht vun de politeschen Extremismen gehal. D’Gendertheorie ass nach e Grad méi absurd. Gutt, datt et wéinstens nach d’ADR hei am Land gëtt, déi dat och seet an dorop opmierksam mecht!

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert