Wéi eng Zukunft huet den Här Henckes?

RTL hat sech dëss Woch Gedanken iwwer d’Zukunft vun denen zwee ex-ADR Leit Henckes an Colombera gemaach. Zu denen zwee Hären gëtt et eng Rei vu Kommentaren an Erklärungen op dësem Blog.

Déi zwee haten den Wahlprogramm, opgrond vun dem si op ADR-Lëschten an d’Chamber gewielt goufen, verroden. Trotzdem hunn si hir ADR-Lëschtestëmmen-Mandater gehal an sinn onofhängeg ginn. Den Här Colombera hat virdrunn nach bei bal allen anere Parteien ëm politeschen „Asyl“ gebiedelt, mee huet es néierens kritt. 

Den Här Henckes ass economesch en ultra-liberalen. Hien ass alles aanecht wéi e Beamtefrënn an hien wollt och schonn an der ADR erreechen, datt déi Partei sech sollt exklusiv fir dë private Secteur asetzen. Mat där Positioun wor hien awer komplett isoléiert. Mat séngem Départ ass d’ADR jiddefalls hire leschten, notoresche Beamtenfrësser lass ginn. D’ADR ass nun eemol keng Klientelismus-Partei méi eng déi Leit aus alle Secteuren vun hiren Iddien iwwerzeege wëll. Op RTL huet den Här Henckes den Refus vun der sectorieller Eesäitegkeet lo als „Profillosegkeet“ interpretéiert.  Dat ass säi Recht, mee hien läit falsch. D’ADR wollt sech just keen Henckes-Profil ginn. An domat wor si gutt beroden.

Lo seet den Här Henckes och nach op RTL, datt hien keng eege Partei wéilt grënnen. Wat mecht hien dann? Mat 68 Joer ass hien jo net méi grad e politeschen Hoffnungsträger. Aus der DP an aus der ADR ass hien schonn am Sträit fort gaangen, wouzou virun allem och säin explosivt Wiesen bäigedroen huet. Den Här Henckes ass keen Mënsch, den sech einfach an eng Equipe anreihën wëll an es ass och keen Mann vum Respekt vun de Wahlverspriechen. Dat wat hien bei der ADR gemaach huet, kann hien an anere Parteien allzäit widderhuelen. Schliisslech ass hien um Enn vu séngen politesche Liewen ukomm, an keng Partei déi hien nach géng op hire Lëschten mathuelen, kéint hien nach iergendwéi kontrolléieren, wann si dat dann wéilt. Hien géng am Geescht ëmmer ën „onofhängegen“ Deputéierten bleiwen, jiddefalls wär hien onberechbar an onzouverlässeg. Als Deel vun enger wahrscheinlech knapper Koalitiounsmajoritéit wär hien en bestännegen Risikofacteur. 

D’LSAP an déi Gréng sinn fir hien souwisou keng Optiounen. Den Här Henckes ass ën zimmlech begeeschterten Unhänger vun der Nuklearenergie an alléng dowéinst schonn kee Gréngen. Parteien wéi d’Piraten déi verzweifelt Leit sichen an och schonn ë puer ex-ADR Leit opgeholl hunn wären eng theoretesch Optioun. Mee den Här Henckes ass e Mann den léiwer Sëcherheeten wéi Onsëcherheeten huet an dowéinst huet hien sech an denen leschten Wochen  an der Chamber resolut op d’Säit vun der CSV gestallt.  

Ausgerechent den Mann den an der ADR ënner anerem dowéinst isoléiert wor, well hien op eng scho bal extremistesch Manéier iwwer alles hirgeszunn ass wat och nëmmen iergendwéi als pro-Kierch konnt interpretéiert ginn, den géng sech lo wahrscheinlech ganz gär bei der CSV gesinn. Dat seet vill iwwer d’Credibilitéit  vum notoreschen „Paafefrësser“ Henckes, mee et seet och vill iwwer d’CSV wann sou e Mann sech lo op hir Säit stellt. Konkret huet den Här Henckes den Här Juncker verdeedegt, wëll hien verstaan huet, datt d’CSV politesch nëmmen nach aus dem Här Juncker besteet.

Interessant ass vläicht och nach déi heiten Informatioun: ech sinn den Owend aus dem Ausland rëmkomm an hunn als éicht mol meng Mailen duerch gekuckt. Do fannen ech dann och eng Notiz vun enger Damm déi fir d’ADR wëll mat an d’Walen goen, an déi sech doriwwer beklot, datt den Här Henckes bei hir intervenéiert wär, fir si vun hirem Engagement ofzebréngen. Déi Damm ass iwwer dat Behuelen sou schokéiert gewiecht, datt si ët erlaabt huet, fir déi Informatioun virun ze ginn. Dat ass heimatt geschitt. Mecht den Här Henckes dat do a séngem eegenen Optrag?

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert