RTL-Journalismus an Deontologie

Tageblatt.lu huet dëss Woch gemellt, datt dräi RTL-Journalisten net méi an hirem Beruff schaffe kënnen, well si mat an d’Wahlen ginn. Et kann een notéieren, datt déi Leit sech ausgerechent bei denen dräi  Parteien engagéiert hunn, déi och am RTL Verwaltungsrot sëtzen. Rengen Zoufall natierlech! Een fir d’CSV, eent fir déi Blo, an eent fir déi Rout.  

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/Kandidat-oder-Journalist-11879941

Op dësem Blog hat ech schonn d’Fro gestallt, wéi en Journalist déi Kéier därf mat op d’CSV-Lëscht goen. D’Madame Hetto huet et zum Minister bruecht an den Här Eischen ass Deputéierten.

Emmerhin verstinn ech lo besser verschidden Reportagen an Kommentaren vun denen betreffenden RTL-Journalisten iwwer d’ADR. Wen selwer wëll an d’Politik goen, ass natierlech net méi wéi objektiv oder neutral … Wann ech zum Beispill  un den RTL-Reportage iwwer d’Ofdreiwungsdebatt zréck denken, da stinn mir haut nach d’Hoer zu Bierg. Do goufen déi Wierder Journalismus an Deontologie mat ganz, ganz  klengen Buchstawen geschriwwen! Wat fir eng Manipulatioun! Wat fir eng Onéierlechkeet an Eesäitegkeet!

Mee den Afloss vun RTL ass sou grouss, dat engem Journalist bal grenzenlos Méiglechkeeten vun der Propaganda gi sinn. Wann ech bedenken, wat mir do op der Televisioun alles ënnerstallt gouf! D’Madame Igniti gouf laang interviewt an konnt erzielen an behaapten wat se wollt, e Gläichgewiicht gouf et awer absolut keent.  

Ech erënneren och drunn, wéi RTL dono all eenzelnen Parteiaustrëtt aus der ADR gefeiert hat. Mat Foto a Kommentaren, sou grouss wéi méiglech eben! Am ganzen haten deemools 12 Leit d’Partei verlooss, dovun sechs aus Protest well ech als President demissionnéiert hat (iwwer déi ass natierlech ni geschwat ginn) an véier déi solidaresch mat denen Hären Henckes an Colombera woren. Vun denen véier ass wuel  jiddereen sou grouss op RTL kommentéiert ginn fir den Androck ze vermëttelen, d’ADR wär um Zësummebriechen! Bei ganzen 6 (sechs!) „Protestler“ ënner 2.100 Memberen, inclusiv déi 2 Deputéiert déi hiert Wahlverspriechen  gebrach hunn (also en Total vun 0,28% vun de Memberen!)! An dofir gouf et wochenlaang negativ Reportagen géint d’ADR op RTL!!! 

Mecht RTL och Reportagen wann Leit aus aneren Parteien austrieden? Zum Beispill wann Leit aus der LSAP eraus ginn wéinst der Indexmanipulatioun? Neen! Aus der CSV wéinst der Pro-Ofdreiwungspolitik? Natierlech net! Mee bei der ADR? Grouss Reportagen iwwer all eenzelnen Parteiaustrëtt!

Wéi gesot: RTL ass alles aanecht wéi objektiv oder parteipolitesch neutral. Déi Neiegkeet dat net manner wéi dräi Journalisten mat an d’Wahlen ginn, dorënner och déi Damm déi déi propagandistesch Reportagen iwwer d’Ofdreiwungsdebatt gemaach hat, confirméiert dat op en Neitst!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert