Auslännerwahlrecht; der Chambre de Commerce hire strategesche Feler

An dem Artikel „Iwwer d’Walrecht bei de Chamberwalen“ sinn ech schonn op e puer Argumenter zu där Thematik agaangen. Vläicht wor dat awer nach ze vill abstrakt.

D’Chambre de Commerce huet dat Walrecht an d’Debatt bruecht fir dat staarkt Gewiicht vun der Fonction publique hei am Land ze briechen. Ausserdem gouf et vläicht och nach e puer auslännesch Geschäftsleit déi gemengt hunn, datt wann si hei géngen hir Suën verdéngen hätten si och dat Recht eist Land politesch mat ze féieren.

Mee d’Chambre de Commerce huet e grousse Feler gemaach. D’LSAP an d’CSV hunn direkt verstaan, datt dëss Initiativ denen Parteien zëgutt kënnt déi grouss Gewerkschaften hunn, also den OGBL an den LCGB. D’Resultat vum Auslännerwahlrecht ass, datt d’Sozialisten gestärkt ginn, wéi och dë lénke Fligel vun der CSV. Dat ass awer wahrscheinlech net dat wat d’Chambre de Commerce wollt…

Et kann een sech jo viirstellen, wéi dann d’Debatten hei am Land geféiert ginn wann et ëm d’Emverdeelung vun de Ressourcen geet. Dogéint sinn déi Froen déi dat aktuellt grousst Gewiicht vun der Fonction Publique eventuell opwierft, nach éichter kleng.

D’DP huet praktesch näicht an där Operatioun ze gewannen, genee sou mann wéi déi Gréng. Trotzdem schwadronnéieren déi vun „Demokratiedefizit“ an „Diskriminatiounen“, ouni ze verstoen em wat et eigentlech geet.

D’ADR jiddefalls ass als eenzeg Partei géint d’Auslännerwahlrecht. Wen hei wëll wiele goen, soll sech fir t’éicht an eis Geselschaft integréieren, eis Sprooch léieren an eis Nationalitéit unhuelen. Ze vill verlaangt ass dat bestëmmt net!

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Auslännerwahlrecht; der Chambre de Commerce hire strategesche Feler

  1. Serge sagt:

    Essayer d’enlever l’exclusivité du droit de aux citoyens d’une Nation relève de la même folie professée par la gauche que d’essayer d’imposer la théorie du genre.
    Merci de continuer à vous opposer à cette manifestation typique de la frénésie socialisante du politiquement correct.
    Enfin, félicitations pour un rejet diplomatique mais ferme de tout diktat de la délégation de l’ « ASTI ».

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert