Piraten-Phantasien go international

Eis lëtzebuerger Piratepartei – eng lokal Filial vun der däitscher „Piratenpartei“  – probéiert lues an lues hir Spaweckspillplaatz ze verloossen an sech un aaner Sujeten runn ze woen. Op dësem Blog hunn mir schonn ënner anerem iwwer hir „kannerfrëndlech“ Moralviirstellungen geschwaat an och iwwer hir fundéiert Wëssen iwwer dat „Drëtt Räich“.  Mat vill Geschéck maachen d’Piraten sech lächerlech sou gutt et geet! Dat ass natierlech hirt gutt Recht.

Et ass iwwregens net sou, datt ech eppes géint d’Piratepartei hätt, ganz am Géigendeel! Dee Klibchen presentéiert sech jo als „sozialliberal“ an hëllt domat denen Gréngen an denen Bloen Stëmme wech. Dat fannen ech prinzipiell ganz sympathesch! Bonne chance!  Wann ech also heiansdo op dësem Blog eppes iwwer d’Piraten erzielen, dann ass dat eng gutt gemengten Gratis-Reklamm.

Ee vun eisen Lokal-Piraten ass dëser Deeg iwwer d’Grenz geschwommen fir bei senger däitscher Mammepartei e Viirtrag (!) iwwer d’Affär Bommeleeër, de SREL  an eng méiglech Verwécklung vum BND ze halen.  Schued dat ech den Evenement verpasst hat! Eng Opzeechnung vun dem intellektuellen Héichpunkt hunn ech bei denen jo soss sou absolut transparenten Piraten bis elo leider nach net fonnt.

Bei dem Viirtrag schéngen och déi verrécktesten Iddien vun der Défense am Bommeleeërprozess zu Eieren komm ze sinn:

 „Inhalte:

  • Chronologie der Ereignisse
  • Überschneidungen der Geheimdienstaffäre und des Bombenlegerprozesses
  • Verwicklung des BND?
  • Reaktion der etablierten Parteien?
  • Aktionen der Piraten
  • Neuwahlen“

http://www.piratenpartei.de/2013/07/25/infoabend-zu-geheimarmeen-bombenattentaten-unkontrollierten-geheimdiensten-und-den-neuwahlen-in-luxemburg/

Mäin Opruff un d’Piraten: onbedéngt publizéieren w.e.g!!! Gär och op dësem Blog! Wann d’Piraten, sou qualifizéiert wéi se nun eemol sinn, déi lëtzebuergesch Geschicht aus den 80er Joeren opschaffen, dann wëll „déi konservativ Säit“ onbedéngt och mat dobäi sinn an hir Lieser informéieren!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert