D’Piraten änneren de Nationalfeierdag!

Eng gutt Séil huet mir dëser Deeg den Enregistrement vum Pirat Weyer sengem Optrëtt bei der däitscher Piratepartei geschéckt. Dofir ën häerzlechen Merci! Et ass eng relativ konfus Presentatioun vun der Geheimdéngschtaffär, vermëscht mat enger Portioun Bommeleeër.  

http://www.youtube.com/watch?v=yA9ZUdHzXh4

Interessant ass, datt de Pirat Weyer den Datum vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag nët kennt. Den ass nun eemol net de 24. Juni, wéi d’Piratepartei dat ze menge schéngt, mee den 23. Dat hängt vläicht domat zësummen, dat net jiddereen den hei zu Lëtzebuerg lieft an lëtzebuergesch schwätzt sech och als Lëtzebuerger fillt a bezeechent.

Den Här Weyer schreift dat hei iwwer sech op sengem Blog:

„About

bartjez_@jerryweyer_#PiratenPI_photo_by_bartjez.cc_DSC3099_XS (max. 400px)_326174
I am a 27 year old European currently living in Luxembourg. I studied European law in Strasbourg at Université Robert Schuman and in London at the London School of Economics and Political Science.

I am a European citizen interested in Luxembourgish, European and international politics. I am a founding member of Pirate Party Luxembourg and was Vice-President of the Pirate Party till October 2012. From April 2010 to March 2011 I was Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI), the umbrella organization of Pirate Parties. I worked for the luxembourgish Parlamentary Monitoring Organisation (PMO) Politikercheck.lu, support the ECI campaign and am following the development of citizens’ participation and parlamentary transparency in Luxembourg and Europe, promoting tools of direct democracy.

I am diving into new media focussing on Blogs in and around Luxembourg as well as the use and development of social media in the Grand-Duchy.“

Also „European“ an „European citizen“ amplaatz „Luxembourger“ an „Luxembourgish citizen“.  Ech froe mech wéivill Leit bei de Piraten sech iwwerhaapt nach als „Lëtzebuerger“ bezeechnen… Si sinn jo géint Grenzen. 

An sengem Bäitrag behaapt den Här Weyer, ënner anerem, datt de SREL sech zënter sénger Grënnung „ausserhalb des Rechtsstaats“ bewegt hätt. Dat nennen ech eng Geschichtsverfälschung.

Interessant ass och, wéi d’Piratepartei hire Wahlkampf finanzéiert: den Här Weyer huet confirméiert, datt dat zum Deel mat Spenden aus Däitschland an Russland geschitt. De Layout vun hire Plakater ass „inspiréiert“ vun denen vun denen däitschen Piraten „ganz nach Piratenidee“. Domatt ass gemengt, datt een aneren Leit hir intellektuelt Eegentum därf ongestrooft stielen.

Eppes an dem Bäitrag huet mech awer aus priratenonofhängegen Grënn irritéiert: datt de Site srel.lu net vum Service de Renseignement reservéiert wor an dowéinst iwwerhaapt konnt vun anere Leit benotzt ginn.  Dat misst eng Internetsäit sinn, op där sech de SREL presentéiert, sou wéi aner Geheimdéngschter dat och maachen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu D’Piraten änneren de Nationalfeierdag!

  1. Charlotte sagt:

    D’Ustrengunge vun enger ganzer Rei Leit, fir sech nëmmen net als Lëtzebuerger, déi se sin, ze bezeechnen, si lächerlech! Besonnesch, well se da betounen, si wiren Europäer! Doduerch grenze se sech däitlech of vun de Mënschen vun all deenen aner Continenter, well si domat betoune wëllen, datt se NET Amerikaner, Afrikaner, etc. sin a sech also anescht ewéi déi gesin!
    Esou en Abuséiere vu Wieder ass just topech an hypocritesch. D’nemlecht ass et, wann eng Persoun behaapt, si wir Vegetarier aus Iwwerzeegung, well si net wëllt, datt Déieren doudgemaach gin, an dann ower Fësch ësst a Liederschong a -jacketten undeet (déi Leit nenne sech och nach gäer Geleeënheetsvegetarier oder Deelvegetarier!?!??)! An och d’nemlecht ass et, wann amplaz „Auslänner“ „Net-Lëtzebuerger“ gesot gët! Esou e Brach gët et alt nes nëmmen hei, duerch domm Leit, déi ouni dee klengste Grond Wieder eng pejorativ Bedeitung wëlle gin, déi se einfach net hun! Wann ech am Ausland sin (oder heescht dat bei den Hypocriten „Net-Lëtzebuerg“???), sin ech Auslänner, dat ass en objective Begrëff, deen iwwerhaapt näischt Negatives huet! „Auslänner“ ass positiv, dat heescht just, datt een aus engem anere Land ass ewéi dat, wou ee sech grad ophält ; „Net-Lëtzebuerger“ ass negativ, dat seet engem däitlech, wat een NET ass a grenzt een of an aus!
    Dee Blödsinn mat de Wieder kann een in extremis viruféieren…Dobei wir et esou wichteg, fir sech SËNNVOLL ze beschäftegen!!!

Schreibe einen Kommentar zu Charlotte Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert