Indien a säin Fligerdroer („Flugzeugträger“)

Indien huet et also gepackt fir fir 2 Milliarden Dollar en eegent Riisekrichsschëff ze bauen: e Fligerdroer, voll mat Mig 29.

http://indiannavy.nic.in/press-release/vikrant-navys-first-indigenous-aircraft-carrier-launched

Op d’mannst zwou Lektiounen sollten mir direkt aus dëser Entwécklung zéien:

– déi éicht ass, datt d’Welt sech ganz séier ännert, an dat déi nei militäresch Stäerkt vun Indien, China, Nordkorea an villen aneren eis eegen Astellung zu der militärescher Verdeedegung a Fro stelle sollt. Mir liewen hei an enger provinzieller Mentalitéit vun éiwegem Fridden an souguer geheimdéngschtlech Kontrollen am Internet ginn zu engem Skandal declaréiert. Eis national Efforten an der militärescher Verdeedegung sinn no bei Null, an iwwregens och nach déi allermannst an där ganzer NATO. Tatsaach ass, datt eis lëtzebuergesch wéi och déi ganz europäesch Sëcherheet bal zu 100% vun den USA ofhänkt. Dat gëllt souwuel am Krich géint Terrororganisatiounen, wéi och bei der Verdeedegung vun eisen Interessien am Kontext vun denen nei entstoenden Mëttel- oder souguer Supermuechten.  Europa schrauft seng Militärbudgeten permanent rof, an Asien ginn se konsequent rop.  Wéi laang soll dat gutt goen? Natierlech hoffe mir all op friddlech Relatiounen mat denen aneren, besonnesch och mat denen asiateschen Staaten. Mee wéi gesäit dat an 20 oder 30 Joer aus? Europa gëtt al, huet net méi genuch Kanner, ass economesch ëmmer manner kompetitiv a militäresch méi schwaach ginn. An China ass dat z.B. e bësschen aanecht….

 
 

– an dat zweet ass, datt mir hei am Land nach ë puer Net-Regierungsorganisatiounen hunn, déi mat vill guddem Wëllen a éierlechem, moraleschen Asaz denen aarmen Leit an Indien hëllefen, dacks och de Weesekanner. Gläichzäiteg baut déi indesch Regierung Krichsmaschinnen fir 2 Milliarden Dollar, an dat ass nëmmen e klengen Deel vun hirem Militärbudget. Wen dréit do eigentlech wéi eng Verantwortung? Ech denke jiddefalls, datt et un der indescher Regierung ass fir sech ëm déi sozial Problemer an hirem Land zë këmmeren. Suën genuch si jo offensichtlech do. 

Haut feiert Indien. An mir kënnen schonn op den nächsten pakistaneschen Oprëschtungsschrëtt gespaant sinn….

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert