Den Aerzbëschof Hollerich op Walkampftour

Den Aerzbëschof vu Lëtzebuerg, e groussen Frënd vum Här Juncker (soss hätt hien de Posten jo och net kritt), huet seng Sprooch rëm fonnt. „Déi konservativ Säit“ hat sech scho Suergen gemaach. Bei der Ofdreiwung huet een aus dem Bistum net vill héieren a beim Homo-„Bestietnis“ iwwerhaapt näicht Kathoulesches. Sollt déi kathoulesch Kierch hei am Land iere stomm gi sinn?

Neen, wann Walkampf ass, dann ass si nees do! Déi Kéier mecht si Reklamm fir d’CSV-Schoulpolitik an den weideren Démontage vum traditionnellen lëtzebuerger Schoulsystème.

http://www.wort.lu/de/view/erzbischof-sprachbarrieren-behindern-portugiesen-52091c3de4b08c139153e872

Natierlech léisst sech vill um Schoulsystème kritiséieren, mee datt den Aerzbëschof vu Lëtzebuerg sech einfach zum Sproochorgan vun den Delvaux-Juncker-„Reformen“ mecht, ass e staarkt Stéck. Integratiounspolitik, déi absolut richteg a néideg ass, kann net op Käschten vum Niveau an de Schoulen gemaach ginn.

D’CSV an d’Sozialisten drécken schonn zënter ville Joeren de Niveau vun de Schoulen no ënnen – zum Schued vun alle Kanner an eiser ganzer Gesellschaft. Dat Haapt-Argument ass dobäi ëmmer nees  dat selwecht: d’Immigratioun.

Déi lëtzebuerger Schoul muss awer un éichter Linn dem entspriechen wat eis geographesch  Lag an Europa eis diktéiert: d’Deelen vun der däitscher an der franséicher Sprooch- a Kulturlandschaft. Si soll doriwwer raus eise Kanner eis eege Sprooch a Kultur vermëttelen: dat ass e legitimt Uleies vun all Natioun! Si soll d’Kanner op eng staark economesch Konkurrenz an der Welt viirbereeden, d’Wëssenschaften an déi englesch Sprooch sinn dofir déi néideg Instrumenter. Si soll d’Kanner zu fläissegen, disziplinéierten a leeschtungsorientéierten Mënschen erzéien. D’Kanner sollen ëppes wëssen a kënnen. Alles dat ass bei der CSV an der LSAP ëmmer méi an de Vergiess geroden. Fir si zielt just, datt jiddereen en Diplom kritt och wann en um Aarbechtsmaart näicht wäert ass an nach just als automatesch Umeldung bei der ADEM gëllt. 

Auslänner déi heihin kommen mussen integratiounswëlleg sinn. Et ass un éichter Plaz un hinnen fir sech eis unzepassen an nët ëmgekéiert. Natierlech solle mir hinnen hëllefen – doduerch, dat mir si sproochlech fit maachen, gratis Nohëllefstonnen ginn an sou weider. Mee et muss Schluss sinn mam „nivellement vers le bas“!

Et ass schonn eng Katastroph, dat déi jonk Leit déi aus eise Schoulen eraus kommen bal keen Franséich méi kënnen. En Text ouni Feler ass eng Sielenheet an engem Land, dat Franséich als offiziell Gesetzessprooch an Haaptverwaltungssprooch huet. Eng realistesch Alternativ gëtt et net. Däitsch als Gesetzessprooch wëll wahrscheinlech keen, an Lëtzebuergesch gëtt nach net genuch promovéiert. Vläicht Portugiisesch? Oder Serbesch? Déi déi géint eise Schoulsystème lass zéien, sollen dann wann-ech-gelift och gläich mol hir Visiounen fir eise Gesellschaftsmodell op den Dësch leeën! D’Schoul ass keen isoléierten Mikrokosmos, mee déi „Fabrik“ an där mir d’Kanner op dat viirbereeden wat eis gesellschaftlech Viirstellungen virginn.

All déi Iddien vun paralleler Zweespoochegkeet, Trennung vun de Kanner no Sproochen, asw  féieren just zu der Segregatioun, zu engem definitiven Gruef oder souguer Rass an eiser Gesellschaft.  

Mir brauchen eng konsequent Integratiounspolitik an en Zréck zu enger lëtzebuerger Schoul mat Niveau!   An mir brauchen e Bëschof den sech em de Katchëssem këmmert, déi aaner Saachen maachen déi politesch Parteien.    

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu Den Aerzbëschof Hollerich op Walkampftour

  1. Marcus sagt:

    Am Kontext vun 82% auslaennegen Matbierger dei an eiser Haaptstaadt liewen, waert sech dei Froen bzgl Sproochen wuel nach mei oft Stellen. Ech froen mech op d’Regierung Plaeng huet diesbzgl oder einfach sou mescht wei wann sou Zuelen keen Impakt hun op all niveau vun der Educatioun an der Kultur.

  2. Erik Zeimet sagt:

    „Däitsch als Gesetzessprooch“ evtl. an Kombinatioun mat dem Lëtzebuergesch wier eng sënnvoll Leisung, awer leider wëll virun allem déi bessergestallt Bourgeoisie dat net, soss géifen d’Internet-Säiten vum Staat an den Gemengen net nëmmen op Franséisch zu Verfügung stin. Wann déi francophil Déckpänz eppes vum einfachen Bierger wëllen, wéi z.B. seng Stëmm am Wahlkampf, dunn klappt et op eemol, datt d’Internet-Säiten vun den Parteien all op Däitsch an/oder Lëtzebuergesch sin. Wëllen déi un der Muecht déi friemsproochenonbegabt Leit kleng haalen?

  3. Santimoy sagt:

    sehr geehrter Herr Kartheiser!ganz ricithg gesagt, offensichtlich ist Papst Benedikt XVI den CSV zu konservativ und ich glaube auch manche Geistlichen in luxemburg sind zuviel Filiale der profillosigen CSV!Bei uns in Holland ist es noch schlimmer.Dort ist das CDA dort noch viel profillosiger jetzt hinweggefegt. Wir haben eine Koalition von liberalen und sozialisten deren alles was mit religion und Christentum zu tun hat auch aus den Medien ausbannen will! Ich weiss dass es in Luxemburg besser ist aber ich sehe auch hier zeigen sich bedenkliche Tenzen. Ich bewundere Ihr Mut und Courage dass Sie ehrlich aussagen wie die Lage wirklich ist in der Una Sancta catholica ! Hut ab Herr Kartheiser!!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert