Aegypten: schonn nees eng Scheedung vun Demokratie an Islam

Mir erënneren eis sëcher all nach un d’Ried déi de President Obama de 4. Juni 2009 zu Kairo gehalen huet. Et wor eng grouss Ried, eng couragéiert an éierlech Ried vun engem amerikanesche President, där hiren Titel „A new beginning“ programmatesch wor.

 http://www.youtube.com/watch?v=B_889oBKkNU

http://en.wikipedia.org/wiki/A_New_Beginning

Si wor awer – leider – sëcher och zu engem groussen Deel eng Illusioun – „wishful thinking“ kéint ee  soen.   E puer Passagen kënnen  dat gutt beleeën „with the benefit of hindsight“, wéi zum Beispill:

– dem Här President Obama säin Hiwäis op déi saudesch Initiativ vum interreliéisen Dialog

http://www.huffingtonpost.com/2012/11/24/saudi-interfaith-center-o_n_2184127.html

– oder séng Ennerstëtzung fir déi tiirkech Féierung an der „alliance of civilizations“

 http://www.mfa.gov.tr/the-alliance-of-civilizations-initiative.en.mfa

Déi zwou Initiativen därf een haut roueg klasséieren.

Si huet den Islam och ganz positiv duergestallt a virun allem als vill méi tolerant a friddlech wéi en wor oder ass. De Prophéit wor am Ufank vu séngem Wierken den Judden an de Chrëschten géintiwwer vill méi positiv agestallt wéi um Enn. Wou en d’Hoffnung bis huet missen opginn fir d’Judden an d’Chrëschten op seng Säit ze kréien, koumen eng Rei vun wäit manner toleranten Passagen an de Koran. Géintiwwer den Atheisten ass de Koran och net wierklech tolerant. D’Memberen vun AHA sollten dat mol liesen… 

De President Obama hat awer Recht wou e gesot huet, dat d’Walen alléng nach keng Demokratie ausmaachen, mee dat een d’Ennerstëtzung vun de Leit brauch. An do ass de Problem mat ville Walen an islamesche Staaten oder Gebitter, wéi zum Beispill am Irak, an der Gaza-Sträif an och elo an Aegypten. En demokratesche Formalismus alléng bréngt nach keng Demokratie.

An Aegypten an an aneren arabesche Staaten muss sech elo weisen wéi eng politesch Stréimungen am Islam sech kënnen laangfristeg duerchsetzen – méi moderater oder méi radikal islamistescher. Am Abléck gesäit dat arabescht Fréijoer op ville Plazen schonn éichter wéi en arabesche Wanter aus. D’Muslimbridder an Aegypten haten zwar eng Wal gewonnen, mee als Demokraten hunn si sech wierklech net beholl. 

Tatsaach ass, datt den demokratesche Usproch am Noen Osten  ë grousse Réckschlag erlidden huet. D’Militär huet e Coup gemaach den an Amerika – aus bannepoliteschen Grënn – net därf sou genannt ginn. Wann ee wëll Baussepolitik mat groussen etheschen Usprëch maachen, dann kommen eben sou Absurditéiten op d’Tapéit wéi déi wou déi amerikanesch Regierung et refuséiert eng Situatioun ze „definéieren“ fir e „Coup“ net missen e „Coup“ ze nennen.

Et ass lo Zäit fir Realpolitik. Europa muss sech sou séier wéi méiglech mam Generol Abdel Fattah al-Sisi accomodéieren. Mir brauchen Rou an Aegypten a Stabilitéit an der Regioun. Mir kënnen eis schlecht als Europäer mat schëlleg un enger Entwécklung maachen, déi grouss Deeler vu Nordafrika an dem Noen Osten a bluddeg Konflikter kann eran zéien. De Mali, Libyen, Irak, Syrien, den israelesch-palästinenseschen Konflikt an déi iranesch Nuklearpolitik sinn eigentlech scho Problemer genuch.

Vun all denen groussen Iddien fir de Noen Osten aus denen leschten Joeren, ob et den amerikaneschen Draam vun engem demokrateschen Noen Osten, eng franséich „Union pour la Méditerrannée“ oder wat och ëmmer soss nach wor, jiddefalls ass net méi vill dovun iwwreg bliwwen. Mir mussen eng ganz nei Politik opbauen a virun allem lo mol méiglech negativ Auswierkungen vun der Situatioun am Süden vum Mëttelmier op Europa sou wäit wéi méiglech verhënneren.   

Als Westen hätte mir och dem President Mursi missen direkt d’Grenzen weisen wou koptesch  Kierchen ugegraff goufen. Mee vill vun eise Politiker, dorënner den Här Asselborn, fannen jo bekanntlech keng Wierder wann et drëm geet fir Chrëschten a Schutz ze huelen.

Ah jo, an ech hat bal vergiess ze soen, datt et nach ëmmer Leit gëtt déi mengen, datt déi europäesch Energieversuergung kéint iwwer Sonnekraaftwierker an der nordafrikanescher Sahara sëchergestallt ginn.  Dat nennen ech eng sëcher Energiepolitik…

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert