D’Wahlkampfligen vum Dag: Haut geet de Präis un den Här Gilles Roth (CSV)!

„Déi konservativ Säit“ gratuléiert dem Här Gilles Roth ganz häerzlech zum Präis fir déi gréisste Wahlkampfligen vum Dag! Als Präis gëtt et eng Pinocchio-Nues.

Am „Wort“ huet hien schonn de Moien fréi en Artikel publizéiert den mat dem schéinen Titel „Die Nationalitätenfrage“ dat lëtzebuergescht Vollék beim Kaffisdësch ëm seng wuel verdéngte Rou bruecht huet.

Do behaapt hien – den CSV- Fraktiounschef a Persoun! – dach net am Eecht „Entgegen vermehrter Forderungen zugunsten des Ausländerwahlrechts bei den Nationalwahlen sind wir der Meinung, dass dieses Recht ausschliesslich den luxemburgischen Staatsbürgern zusteht und dies gemäss Artikel 52 unserer Verfassung. Anders gesagt soll das Wahlrecht bei den Landeswahlen an die Staatsbürgerschaft gekoppelt bleiben.“

An dat nodeems den Här Paul-Henri Meyers, – ëmmerhin am Optrag vun der CSV! -, an der Chamber proposéiert huet den Artikel 52 vun der Constitutioun ofzeänneren fir datt dat aktivt Auslännerwahlrecht kann ageféiert ginn!!   Dozou den Artikel op dësem Blog: „Auslännerwalrecht – der CSV hire geplangten Wielerbedruch!“.  Fir wéi domm halen déi d’Wieler eigentlech? Keen Auslännerwalrecht geméiss Artikel 52 vun eiser Verfaassung bis den Artikel 52 op Wonsch vun der CSV selwer ofgeännert ginn ass!? Wat fir eng Onéierlechkeet!

Mee sou kenne mir eis CSV, sou hu mir se gär! Alles geet bei hinnen mateneen: déi Stater CSV ass géint den Tram, déi national CSV ass awer dofir. D’CSV-Norden ass fir den Ausbau vun der Nordstrooss an déi national CSV ass dogéint. D’CSV-Suessem ass géint de Contournement, déi national CSV ass awer dofir!  D’CSV vertrëtt ëmmer all Positiounen gläichzäiteg an huet dowéinst weder eng Linn nach eng Glaafwierdegkeet. Logik gëtt et och keng: eng Behaaptung an hire Géigendeel kënnen bei der CSV gläichzäiteg wouer sinn. Sou léisst et sech nawell gutt regéieren! 

De Mëtteg souz ech iwwregens gemittlech an der Stuff mol rem de Renert ze liesen, wou ech op eng vun denen wahrscheinlech eelste Beschreiwungen vum CSV-Stat gestouss sinn:

 „(249) Sin s’eemol an der Schamber,

dann hun s’et an der Hand:

si kéiren op hir Millen

sech d’Buren all vum Land.“

 

Merci, Michel Rodange!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert