Wat ass d’Uni Lëtzebuerg wäert?

All Land dreemt dovun eng Elit-Universitéit ze hunn. Ech fäerten awer, datt mir Lëtzebuerger nach ganz laang musse virun dreemen.

An dem Bäitrag „Hëëëëëlleefff! D’Uni Lëtzbuerg fuerscht!“ war ech schonn op déi feministesch Verierungen agaangen, déi leider och op der uni.lu grasséieren. An dem Artikel goung et em sougenannten „Rollebiller“ a Computerspiller. Mee net nëmmen fir sou Etüden ginn masseweis Steiergelder zur Fënster rausgehäit. Zwee aner Beispiller vu „Wëssenschaft à la luxembourgeoise“ goufen des Lescht an eisen Zeitungen beschriwwen.  

An enger Etüd gouf rousfonnt, datt „Schulklima beeinflusst Gewalt“.   „Es besteht ein deutlicher Zusammenhang zwischen Schulklima und Gewaltauftreten“, heescht et do.  A wen hätt dat geduecht?  Hu mir wierklech eng deier Etüd gebraucht, fir Banalitéiten an Evidenzen ze produzéieren?  Abenteuerlech gëtt et dann awer bei de Conclusiounen: (Die Studie) „stellt in Frage, ob Gewalttäter alleine für schulische Gewalt verantwortlich sind“.   Meng Aentwert dorop ass kloer jo. Ech hunn eppes dogéint, datt permanent vun der 68er an hiren Ierwen probéiert gëtt fir d’Verantwortung vun dem Eenzelnen wechzehuelen a gesellschaftlech Uersaachen fir alles ze sichen. Wen anerer schléit ass dofir verantwortlech, basta! An doriwwer raus denken ech, datt mir d’Uni kéinten däitlech verbesseren  wann mir d’Auteuren vun sou Etüden géngen duerch Mathematiker, Naturwëssenschaftler an Ingenieuren ersetzen.

En aneren rezenten, intellektuellen Héichponkt vun der uni.lu ass eng Etude iwwer „les bienfaits des congés“.  Hei gëtt et eréicht richteg spannend! „Dans un article, le Docteur  (Numm), de l’unité de recherche Inside, avance que les arrêts de travail au cours de la vie professionnelle peuvent selon les cas potentiellement augmenter ou au contraire réduire la réserve cognitive.“ Voilà qui est clair! Wat dee Spaass kascht huet, steet net dobäi. Jiddefalls denken ech dat e klenge Congé fir d’Equipe vun Inside hir kognitiv Reserven potentiell erhéige kéint oder och net. Dat ass mir och éierlech gesot egal. Haaptsach ass, si sichen sech ang aner Uni no hirem Congé. 

Als Politiker musse mir Méiglechkeeten sichen fir ze spueren. Wann d’Uni Lëtzebuerg näicht Besseres produzéiert wéi dat do, da sollte mir déi ganz soziologesch an ähnlech Branchen zoumaachen an eis op de sérieux Fächer konzentréieren.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Wat ass d’Uni Lëtzebuerg wäert?

  1. Marcus sagt:

    Absolut!

    An Zeiten wei desen mussen een no der competiviteit kucken, an et ass eben nun mol sou dass den Reckrad vun all Wirtschaft dei Technologesch Kompetenzen sin.

    Soziologie oder anner Fachrichtungen dei konstant wischiwaschi Erkenntnisser produzeieren sin fir mech iwerhapt grenzwerteg akademesch. Ech hun mech op der Uni (eng an den U.S.A) souwisou gefroot wei et iwerhapt kann sin dass leit 5 Joer Soziologie oder Gender studies studeieren, an dono eigentlech guer keng konkret uwendungsqualiteit hun.

    Zumindest waren d’ingenieur dei op der Uni rauskomm sin, direkt pret hieren knowhow fir d’Wirtschaft anzesetzen an sou hieren apport un der Gesellschaft ze leschten. Bei den Gender-studies majors get et absolut keng uwendungsszenarien. Bon vleit an engem Lifestyle magazine als Journalist, kennen se iegendeppes kritzelen.

    Get Zeit sech op daat ze focuseieren wat Wert fir d Gesellschaft produzeiert, an net individuen Platformen ze finanzeieren fir hier onakademesch paper ze publizeieren

Schreibe einen Kommentar zu Marcus Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert