Zaldoten opgepasst: d’LSAP an d’CSV wëllen Aere Sold kierzen an Iech Aer Rechter wechhuelen!

Léif Zaldoten vun der Arméi,

Dir hutt Iech fräiwëlleg an d’Arméi gemellt an Dir leescht Aerer Heemecht doduerch e wäertvollen Déngscht. Dir sitt bereed fir Aert Liewen fir dësst Land ze ginn. Dat verdéngt Unerkennung an Dankbarkeet vun där ganzer Gesellschaft!

Leider loossen déi meecht politesch Parteien Iech am Stëch! D’CSV, d’LSAP, d’DP, déi Lénk an déi Gréng wëllen iech Aer Prioritéitsrechter wechhuelen. Nom Rapport Fischbach huet d’CSV ugekënnegt iwwer e Quotesystem Aer Aarbechtsplazen an Zukunft un Zivilisten ze verdeelen, un Leit déi net ënner eisem Fändel gedéngt hunn! D’LSAP huet an der Chamber souguer gefuerdert fir Aere Sold ze kierzen! D’DP ass schonn méi laang där Meenung, datt Aer Prioritéitsrechter d’Gemengen beim Rekrutement nëmmen hënneren. 

Léif Zaldoten,

Kuckt Iech d’Chamberdiskussioun iwwer d’Arméi genee un Ier Dir wiele gitt! Hei ass se:

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/1158/sequence/46033.html

Déi eenzeg Partei déi zu der Arméi an zu Iech steet ass d’ADR. Mir verdeedegen Aer Rechter an mir loossen Iech net falen!

  

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Zaldoten opgepasst: d’LSAP an d’CSV wëllen Aere Sold kierzen an Iech Aer Rechter wechhuelen!

  1. Jeffrey Dondelinger sagt:

    A wann et no mär ging goen, da wär de Budget op 0% punkt. Lëtzebuerg brauch keng Arméi, kee brauch eng Arméi. Arméien si näischt weider wéi Spillsaache vir Politiker mat Minderwertegkeetkomplexer. An et get Zäit, dass déi ongerecht Privilegie vun den Zaldoten ophaalen. Et kann nët si, dass een bei enger Arbechtsplaaz firgezunn gëtt, well en an der Arméi war. D’Arméei war an ass nach ëmmer e Sammelbecken fir Leit mat gerénger Schoulbildung an schlechte sozialen Hannergrënn, nët fir ze soen, dass dat op all Zaldoten zoustrëfft, mee op en groussen Deel. An ech fannen et grad bedenklech, dass grad déi Leit, zougrëff op Waffen kritt. Dat selwescht gëlt iwregens och fir d’Police. Ech fuerderen méi Gehalt fir d’Polizisten an dofir en méi héigen Bildungsgrad, well et kann nët sinn, dass Leit, dei eng 11ième hunn kënnen iwwert Recht an Onrecht bestëmmen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert