„Befreiung vom Ueberfluss“ – Wéi déi Gréng eis wëllen aarm maachen

Sou eng Orientéierungsdebatt wéi déi, déi den 12. Juni 2012 iwwer Rio+20 an der Chamber geféiert gouf ass méi interessant wéi hiren rhetoresch aschléiferende Charakter et eis et a priori menge léisst.  

Lo virun de Walen,  sollte mir nämlech hellwaakreg ginn an mol doriwwer nodenken wat déi Gréng eisem Land wëllen undoen. Dofir bréngen ech hei eng Ried vum Här Camille Gira, fir dat keen ka soen, ech géng Saachen erfannen déi net sinn.

Den Här Gira bezeechent de Choix tëschent Austeritéit a Wuesstem als e Choix tëschent Pescht a Cholera (ëm 2:28) a preconiséiert en drëtte Wee, den vun enger „Transitioun“. Dëss Transitioun soll eng sinn wou mir manner Energie an manner Ressourcen verbrauchen an manner konsuméieren (ëm 2:29). D'“empreinte écologique“ vun de westleche Länner soll rofgesat ginn (2:31).    

Eise Liewensstil solle mir änneren (2:24), den Ausstieg aus dem Tanktourismus preparéieren (2:26) an da komme mir an dat gréngt Paradäis: eng „Sobriété heureuse“, eng „Befreiung vom Ueberfluss“, e „Wohlstand ohne Wachstum“ (ëm 2:30:40). 

Eng ecologesch Steierreform soll d’Energie méi deier maachen (2:34), an d’Logistik solle mir éichter net investéieren (2:35) an da kréien mir eng gréng Economie fir Lëtzebuerg (2:36).

Hei ass d’Ried:

view video on chd.lu 

 Lo verbannen mir dat nach mat denen Gréngen hire Pläng fir d’Finanzplaz ( Op dësem Blog: „D’Erklärung vu Lëtzebuerg“ – Déi Gréng ruinéieren eis Economie“) an dann kënne mir éicht Conclusiounen zéien. An dem Videobäitrag vum Här Bausch iwwer déi gréng Economie (an dem virgenannten Artikel op dësem Blog), seet den Här Bausch iwwregens dat vill Leit d’accord wären fir 1.000, 2.000 Euro manner ze verdingen…

Fir mech ass kloer:

– déi Gréng ruinéieren d’Finanzplaz

– si maachen eis lescht steierlech Viirdeeler viirsetzlech futti 

– si wëllen lo schonn progressiv aus dem Tanktourismus rausklammen („preparéieren“, nu jee..) 

– si wëllen keng Aarbechtsplazen am Logistikberäich

– si wëllen kee Wuesstëm an wëllen dofir dat mir eise Liewensstil änneren.

De Problem ass: wéi geng sou eng Gesellschaft ausgesinn? Wéi kéint se fonctionnéieren? Wéi sollen eis Sozialsystemer finanzéiert ginn? Vu wat génge mir liewen? Vum Märchen vun denen „gréngen Aarbechtsplazen“ déi an der Wierklechkeet mussen massiv subventionnéiert ginn? Dobäi kënnt nach, dat keng Partei méi administrativ an onproduktiv Aarbechtsplaze géng schaafen wéi déi Gréng (mat Ausnam vläicht vun denen zwou kommunistesche Parteien)! Déi Gréng sinn d’Championen vum Schafen vu Gremien an Etüden, vu Geldverschwendung vun all Typ an mat all Sauce.

Wéi sollen déi Suen aus dem Tanktourismus (1 Milliard!) kompenséiert ginn? Wéi eng Konsequenzen hätt d’Aféierung vun méi héige Steieren op d’Energie op eis Economie? Déi Gréng sinn Zauberlehrlingen an et muss een hoffen, datt déi nimools ëppes hei am Land ze soen kréien! 

Déi Gréng sollen eis endlech KONKRET a PRAEZIS  soen, wéi mir eise Liewensstil sollen veränneren! Schwaarz op wäiss!!! Ech stellen hinnen och gär dëse Blog zur Verfügung fir datt si eis hire Gesellschaftsmodell kënnen erklären. Wéivill Steiern musse mir méi bezuelen? Wat gëtt alles méi deier? Wéivill solle mir manner verdéngen? Hir Lëschten sinn voll mat Proffen an Pädagogen de tous bords (déi iwwregens ganz gutt verdéngen an bestëmmt och gär mam Auto fueren an och mol an d’Vakanz fléien). Un pädagogeschem Talent  därft et also net felen! Also lass, sot eis endlech d’Wouerecht!   

Si sollen ophaalen vun engem „Zukunftsdësch“ ze schwätzen fir keng eege konkret Propositiounen missen op den Dësch ze leeën. Wen wëll „méi Verantwortung“ droen, den soll seng Iddien LO op den Dësch leeën, wëll den 20. Oktober si Walen!  Ech hoffen bis spéitstens Enn September eng präzis Lëscht vun denen Gréngen ze gesinn, wéi si de Liewensstandard vun de Leit hei am Land wëllen rofsetzen!

Ech hat mer et net huele gelooss fir déi Greng massiv ze kritiséieren, wat nach zu enger klenger Polemik gefouert huet. Sou langweileg ass et also an der Chamber och alt rëm net!

 view video on chd.lu 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert