Zynismus pur: „Männerpolitik“ made in Fraenministère

An der Newsletter vum Fraenministère vum Dezember 2012 steet op der Säit 5 en Artikel iwwer „“égalité et société“: Konferenz zum Thema „Männerpolitik“ in Berlin“.

http://www.mega.public.lu/actions_projets/campagnes/newsletter_decembre_2012.pdf

Ech wees, datt dat keng Lecture ass déi ee soll an d’Hand huelen a  schonn guer net recommandéieren. Mee heiansdo lount et sech awer fir sou eppes ze liesen a sief et nëmmen fir sech iwwer den Zynismus ze wonneren den an der Madame Hetto hirem Ministère geflegt gëtt.

Zënter kuerzem probéieren jo d’Feministinnen eng „Männerpolitik“ ze erfannen, natierlech eng déi hinnen an de Krom passt, fir sech den Uschäin vun der Ausgeglachenheet ze ginn. Männerpolitik därf awer net op Käschten vun de Fraen goen, gëtt viirsiichtegerweis gläich mat postuléiert.

„Keine Gerechtigkeit auf Kosten des anderen Geschlechts

Die Politik solle sich generell am Leitbild einer übergeordneten Gerechtigkeit für alle BürgerInnen orientieren. Dies bezöge auch den moralischen Anspruch der Geschlechtergerechtigkeit mit ein. Folglich dürfe es keine Klientelpolitik geben, die sich ausschließlich auf die Männer konzentriert „auf Kosten der Frauen“.

Also keng „Klientelpolitik die sich ausschliesslich auf die Männer konzentriert“… an dat vun engem Ministère den zënter datt et e gëtt, als „Ministère de la promotion féminine“(!),  näicht aanecht gemaach huet, wéi Klientelpolitik fir Feministinnen an hiren radikalsten Organisatiounen op Käschten vun de Männer! 

Et därf ee gespaant sinn, wat do nach alles kënnt… „Infomann“ – en Alibibüro vun dem ech net vill halen – huet viru kuerzem därfen eng Konferenz iwwer Männergesondheet organiséieren! Bravo!

Keen Wuert iwwer dat negativt Männerbild dat virun allem och vum Fraeministère zënter 18 Joer systematesch verbreed gëtt, kee Wuert iwwer d’Problemer vun de Jongen an de Schoulen, kee Wuert iwwer d’Männer als Affer vu Gewalt, kee Wuert iwwer Männerdiskriminatioun duerch Quoten, beim droit de garde  bei de Scheedungenan sou weider an sou virun….

D’Männerpolitik vum Fraenministère wärt op dëser Plaz jiddefalls nach méi wéi eemol kommentéiert ginn!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert