An der Chamber huet den 31. Januar 2013 den Här Felix Braz de Standpunkt vun denen Gréngen iwwer d’lëtzebuerger Nationalitéit presentéiert.
Op dëser Plaz ass et interessant ze ënnersträichen, datt déi Gréng gär hätten, dat ee kann Lëtzebuerger ginn ouni och nëmmen ee Wuert Lëtzebuergesch ze schwätzen. Déi Gréng fuerderen nämlech, datt een déi Problematik ëm d’lëtzebuerger Sprooch baussent dem Nationalitéitegesetz soll regelen (3:36) . Si hätte gär, datt et soll duer goen fir sech kënnen an enger vun denen dräi administrative Sproochen auszedrécken (3:37- 3:39). Den Här Braz huet zwar nach am Ufank vu senger – ech muss et leider soen – zimlech konfuser Ried (3:29) ënnerstrach, datt een misst objektiv Critèren an de Sproochentester bäibehalen an dat qualifizéiert Leit dat sollen evaluéieren, mee da stellt sech awer séier raus, datt déi Gréng de Niveau vun denen Critèren vill ze héich fannen an dat si eben dobäi net nëmmen un Lëtzebuergesch denken an iwwerhaapt d’Fro vum Lëtzebuergeschen am léifsten aus dem Kontext vum Nationalitéitegesetz wéilten ganz eraus léisen.
Déi Gréng behaapten zwar fir si wär Lëtzebuergesch „ganz wichteg“ fir d’Integratioun an et misst een u sech jiddereen den hei an d’Land kënnt mat „erfaassen“ , mee wann et ëm d’Nationalitéit geet, dann ass déi gréng Positioun méi wéi däitlech: iergend een ganz niddrege Niveau am Däitschen, Franséichen oder och Lëtzebuergeschen muss duer goen.
No denen Gréngen soll jiddereen den an d’Land kënnt am Ufank wann en hei ass, an denen éichte Méint „seng Chance kréien“ fir ënner spezifeschen Conditiounen, während senger Aarbechtszäit, encadréiert, de Minimum ze léieren, „den mir lo mussen nei definéieren“, déi Basis also déi dene Betraffenen et soll erlaben fir herno de Recht vun de Connaissancen selwer ze léieren. Mee et lount sech wierklech d’Minutten 3:35 an 3:36 ganz genee ze lauschteren: dat do betrëfft nämlech net explizit déi Lëtzebuerger Sprooch, mee Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch!
Et wär hei och interessant fir nach op aaner Aspekter vun der grénger Nationalitéitepolitik anzegoen, zum Beispill, datt d’Sozialisten an déi Gréng wëllen méi op de Wee vum „droit du sol“ goen, eppes wat lo am Frankräich zu ëmmer méi katastrophalen Zoustänn féiert.
Mee, mir wëllen eis haut einfach mol op déi Sproochefro limitéieren. Eppes muss een dem Hàr Braz lossen: et bréngt et fäedeg fir sou ze maachen als wär Lëtzebuergesch fir déi Gréng „ganz wichteg“ an gläichzäiteg alles, awer och wierklech alles ze maachen fir de geneeë Contraire an d’Gesetz anzeschreiwen. ALSO NACH EEMOL KONKRET AN GANZ OUNI RHETORESCHE NIWWEL: bei dene Gréngen gëtt ee Lëtzebuerger ouni och nëmmen ee Wuert Lëtzebuergesch ze kënnen.
P.S: Bei der ADR natierlech nët! (3:58 – 4:01)