Warnung virun Meenungsëmfroen…

An der Soziologie an an der Psychologie sinn ganz vill konzeptuell Problemer déi mat de Meenungsëmfroen ze dinn hunn schonn extensiv beschriwwe ginn. E gudde Frënd hat mir schonn 1986 en interessant Buch zu dem Sujet geschenkt:“Die unbewältigten Sozialwissenschaften oder die Abschaffung des Menschen“ vum Här Professer Friedrich Tenbruck. Dofir nach eemol villmools Merci! Dat Buch hat mir deemools schonn d’An opgemaach. 

Hei zu Lëtzebuerg kënne mir och e Lidd iwwer d’Qualitéit vun de Meenungsëmfroe sangen. Mir hunn nëmmen een eenzegen Institut den där mecht, an um Beispill vun där blamabler Pseudo-Meenungsëmfro iwwer d’Auslännerwahlrecht hunn ech kloer gemaach, wat ech vun der Objektivitéit vun där Emfro vun TNS-ILRES halen. Op dësem Blog hunn ech deemools gefrot ob TNS-ILRES ieren eng politesch Partei ass? 

Manipulatiounsméiglechkeeten bei Meenungsëmfroen leien awer net nëmmen an de Formuléierungen vun de Froen, mee virun allem och an de statistesche Methouden fir gesammelt Donnéeën – wann déi net einfach nëmme fräi erfonnt ginn – iwwerhaapt auszewäerten.

Déi däitsch Partei „Alternative für Deutschland“ huet déi Fro lo oppe gestallt: 

http://www.faz.net/aktuell/politik/bundestagswahl/parteien-und-kandidaten/afd-begehrte-rohdaten-12553823.html

Ech hunn och meng Meenung iwwer d’Methouden an d’Intentiounen vun den Demoskopen déi ech mir gemaach hunn, nodeem ech Verschiddenes vu frëndleche Leit erzielt krut. Mee déi Meenung soen ech hei net, well ech keng Beweiser an der Hand hunn.

Jiddefalls kann ech mir viirstellen, datt mutatis mutandis dem Här Lucke seng Froen, och an aneren Länner wéi nëmmen an Däitschland kéinte relevant sinn.

A ville Länner vun der Welt gëtt et iwwregens interessant Sprachwierder:

an Däitschland: Wes Brot ich ess, des Lied ich sing.

an an England:  He who pays the piper, calls the tune

Kennt vläicht een déi lëtzebuergesch Versioun dovun? 

Aktualiséierung:

Haut (02/09) kruut ech schonn d’Aentwert op déi Fro:

Bäiss net déi Hand, déi Dech fiddert!

Dem frëndlechen Mënsch den mir dat gesot huet e grousse Merci! Hien  wëll net genannt ginn, dowéinst soen ech hei just, datt et net den Direkter vun TNS-ILRES war!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert