Méi Gréng, manner Verantwortung!

Viru kuerzem wor eng Delegatioun vun denen éisterräicheschen jonke Gréngen zu Besuch bei hiren lëtzebuergeschen Parteigenossen. Vu datt déi Gréng aus Eisterräich an déi  vun hei bei denen europäeschen Gréngen sinn a vu datt et zwou federalistesch Parteien sinn, mengen ech dat därfen sou ze soen.  

http://junge-gruene.at/blog/2013/07/18/junge-grune-zu-gast-in-luxemburg-und-belgien/

Eppes verbënnt déi zwou Parteien op jidde Fall – d’Léift zur Vulgaritéit. Dat mir eis gutt verstinn – ech stéieren mech net drunn, dat déi zwou Parteien mat Erotik Reklamm maachen –  mee et stéiert mech wéi  si dat maachen.

Déi lëtzebuergesch jonk Gréng verdeelen Kondomen a schreiwen drop: „… fir datt Saaft an d’Bengele kënnt an d’Miissercher op ginn!“. Dréckt sech sou eng politesch Partei aus, déi wëll eecht geholl ginn? Hannen drop sinn dann nach e puer Zeechnungen vun Stellungen beim Geschlechtsverkéier mam Kommentar „Fir all eis Positiounen…“ Ma jo gutt.  Dann vill Spaass, Kanner, mee eist Land brauch an der Chamber Leit vun engem aanere Kaliber an eng Politik op engem anere Niveau.

Nach méi vulgär sinn déi éisterräichesch Jonk Gréng. Hei ass hir neitste feministesch Campagne “ I love my vagina“:

 

Sou wäi si mir komm… Sexualitéit „soll uns Spass und keine Kinder machen„. U sech ass et jo eng gutt Neiegkeet wann déi Gréng net och nach elterlech Verantwortung wëllen iwwerhuelen. Well fir Kanner ze zillen brauch ee sëlwer eng moralesch Maturitéit déi déi Gréng ganz offensichtlech net hunn.   

An dann hätten déi Dammen  selbstverständlech och nach  gär gratis Ofdreiwungsméiglechkeeten. „Gratis“ heescht hei op Käschten vun der Allgeméngheet. An „kostenlos“ ass eng Ofdreiwung och net, well si kascht d’Kanner jo bekanntlech hirt Liewen.

Déi Dammen hätte gär einfach nëmme „Spaass“  a keng Biologie – net nëmmen ouni Procreatioun an ouni all Verantwortung – mee wann dann awer sollt e Kand entstoen, dann  soll et och nach op Käschten vun der Allgeméngheet ëmbruecht ginn. Dat ass gréng Politik. 

Wéi dacks stellen ech mir déi Fro wéi déif dëss Gesellschaft scho gefall ass? A wéi schued, datt sou vill jonk Meedercher haut net méi un Léift a Famill denken, mee  un éichter Plaz u Sex an Ofdreiwung. Wéi gesot, ech hunn näicht géint Sex, mee ech sinn en engagéierten Géigner vun der Ofdreiwung. Wen Sex huet, dréit och Verantwortung!

Déi Gréng sinn d’Partei vum Hedonismus – vum grenzenlosen Egoismus op Käschten vun den ongebueren Kanner.  „Im Gegensatz zu dem philosophischen Verständnis wird im alltagssprachlichen Gebrauch mit dem Begriff Hedonismus häufig eine nur an momentanen Genüssen orientierte egoistische Lebenseinstellung bezeichnet. In diesem Sinne wird der Begriff Hedonismus oft abwertend gebraucht und als Zeichen der Dekadenz interpretiert“

http://de.wikipedia.org/wiki/Hedonismus

Dekadent Egoisten kann een awer net wielen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Méi Gréng, manner Verantwortung!

  1. johnny sagt:

    Ich finde Ihre Analyse sehr treffend, wobei ich finde dass der Vorwurf des Hedonismus nicht weit genug geht.

    Diese Leute wollen die Steuerzahler zu Massenmörder machen ohne selbst für ihr Handeln aufrecht zu stehen. (Das machen ja meist andere tun, welche meistens dann vollkommen unschuldig die Konsequenzen tragen müssen!)

    Im diesen Sinne würde ich dafür plädieren die Grünen wegen geplanten Massenmord vor Gericht zu bringen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert