Déi 7 Ploen vun der LSAP

Bei de Walen vum 20. Oktober geet et net ëm déi Fro Schneider oder Juncker. Et geet ëm 9 Parteien, déi jiddereng dem Wieler hir Iddien fir déi nächst 5 Joer presentéieren.

Enner dem Titel „Die Politikkultur Luxemburgs neu beleben“ hunn am Tageblatt vum 29. August véier sozialistesch Kandidaten annoncéiert, ob wat mir eis musse gefaasst maachen, wann een  d’Lëscht 7 wielt.

An der Bibel gouf er schonn 7 Ploen an et ass dowéinst bestëmmt keen Zoufall, datt d’Sozialisten déi Lëschtenummer kruten. Op Wikipedia stinn déi 7 biblesch Ploen: 

„Die sieben Plagen der Johannesapokalypse sind:

  1. schlimme Geschwüre an denjenigen Menschen, die das Zeichen des Tieres tragen
  2. Meerwasser wird zu Blut und Tod aller Meereslebewesen
  3. Flüsse und Quellen werden zu Blut
  4. Sonne versengt Menschen mit großer Hitze
  5. Reich des Tieres wird verfinstert
  6. Austrocknung des Stromes Euphrat
  7. größtes Erdbeben seit Menschengedenken vernichtet alle Inseln und Berge; großer Hagel fällt auf die Erde hernieder“

An am sozialisteschen Walprogramm  wäerten dann déi 7 modern Ploen stoen, déi déi véier Kandidaten lo ugekënnegt hunn:

 1.“ Oeffnung des Wahlrechtes (sic!)  für Nicht-Luxemburger und Jugendliche

2. „eine echte Fristenlösung im Abtreibungsgesetz

3. „gesetzliche Verankerung der Homo-Ehe und des Adoptionsrechtes „(sic!)

4. „die Rechte der transidenten und intersexuellen Menschen stärken“ [do froen ech mech wat d’Sozialisten sech dorënner virstellen]

5. „die Rahmenbedingung für die Stammzellenforschung gesetzlich festlegen“ [idem]

6. dem Stat muss alles egal sinn an därf keng eege Wäerter hunn, well e soll  „neutral“ sinn:

– „das Neutralitätsgebot des Staates“ 

– „eine (…) wertneutrale, moderne Familienpolitik“  

„eine (…) wertneutrale Kulturpolitik

7. E Rappel datt d’Sozialisten d’Euthanasie duerchgesat hunn.

Net eng eenzeg vun denen Propositiounen an net een eenzege Faktum dovun ass fir mech a priori akzeptabel. Bei den transidenten am intersexuellen Mënschen misst ech allerdéngs nach gewuer ginn, wat soll genee proposéiert ginn, wéi och bei der Stammzellefuerschung. 

Eppes wëll ech de Sozialisten awer kloer soen: weder fir meng Partei, nach fir mech perséinlech kann de Stat „wäertneutral“ sinn. Ganz am Géigendeel, eis Gesellschaft muss Waerter hunn, well net all Decisioun, net all Liewensform, net all perséinleche Choix ass „gläichwäerteg“. An net alles ass akzeptabel an net alles därf toleréiert ginn. De wäertneutrale Staat ass kee Fortschrëtt, en ass eng Horrorvisioun!

Perséinlech sinn ech iwwerhaapt net neutral well ech hunn moralesch Iwwerzeegungen an huelen Decisiounen opgrond vu menge Wäerter.  „Neutral“ heescht fir d’Sozialisten jo och just, datt een si selwer net därf kritiséieren. D’LSAP representéiert den neien Typ Politik: den infantilen, egozentreschen, lénken  Hedonismus den schonn déi Gréng als hire Gott verherrlechen. U sech passen Rout a Gréng wierklech gutt zësummen: de Stat ass do fir si ze versuergen, d’Allgemengheet bezillt hire Spaass a Kritik ass net erwënscht.

Abee et ass net „neutral“ wann een wéi d’Sozialisten dofir plädéiert, dat Mënschen anerer därfen dout maachen: weder d’Euthanasie nach d’Ofdreiwung sinn akzeptabel.  Den Artikel vun denen véier Kandidaten weist virun allem eent: datt d’LSAP  d’Partei vum moralesche Vakuum ass.

Uerteel: d’LSAP ass moralesch net regierungsfäheg!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert