Wéi ass dem Här Juncker säi Verhältnis zu der däitscher Regierung?

A sengem Interview am Wort vum 28. August 2013 sot den Här Wolfgang Schäuble, däitsche Finanzminister: „Sie können dreimal raten, wen ich wählen würde, wenn ich Luxemburger wäre.“ Menger Meenung no: 3 x ADR! 

Mee am Eecht, wor et net opfälleg, wéi den Här Schäuble säi Saz formuléiert hat?  Hien huet den Här Juncker zwar gelueft „einer der angesehensten Politiker in Europa. Seine Erfahrung, sein europäisches Engagement stehen ausser Zweifel“, mee hien sot net: „Ich würde Herrn Juncker wählen“ oder sou eppes wéi „Ich hoffe, dass Herr Juncker Premierminister bleibt“, neen, hien wor evasiv.

Dat alléng wär vläicht nach nach kee Grond mësstrauesch ze sinn.  Mee do koum nach der Madame Merkel hire Besuch zu Tréier. Den Här Juncker, Eierebierger vun Tréier zënter 2003, wor net do….

An dem Här Spautz seng Aentwert op eng Fro zu dem Här Juncker senger Absenz wor souguer fir wort.lu „ausweichend“: 

 „Minister Marc Spautz war der einzige Luxemburger Regierungsvertreter. Auf die Frage, warum Jean-Claude Juncker den Wahlkampf der Kanzlerin in Trier nicht auch persönlich unterstützen wollte, antwortete Spautz ausweichend. Er selbst sei auf Einladung des Trierer Bundestagsmitglieds Bernhard Kaster gekommen. „Ich bin aber überzeugt, dass Angela Merkel Luxemburg anders sieht als Peer Steinbrück, das hat man ja auch in ihren Aussagen gehört. Und ich denke persönlich, dass es gut ist, mit ihr Politik zu gestalten. Wir hatten zum Beispiel mit dem CDU-Fraktionskollegen im Bundestag einen guten Austausch.“

Perséinlech interesséiert mech déi Saach net nëmmen aus Suerg em eis bilateral Relatiounen mat eisem däitsche Noper, mee och well den Här Juncker bis elo nach ëmmer net op eng Question parlementaire geaentwert huet, déi ech him awer schonn den 12. März 2013 gestallt hat. Et wor dat d’Fro Nummer 2612 iwwer de „Soutien de campagnes électorales à l’étranger“.

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/102/213/120112.pdf

Normalerweis haett den Här Juncker déi Fro missen bannent engem Mount beaentwerten, also bis den 12. Abrël. Dat wor virun ongeféier 5 Méint. 

Deemools hat den Här Juncker an engem Interview nach behaapt, datt hien gefrot gi wär, ob hien déi däitsch Kanzierin Angela Merkel am Walkampf fir d’Bundestagswalen wéilt ënnerstëtzen, an datt hien dat schonns zougesot hätt. D’Zäiten schengen sech also zimlech staark geännert ze hunn….

Ech fäerten et muss een dovun ausgoen, datt an der Tëschenzäit d’Relatiounen tëschent der Madame Merkel an dem Här Juncker  net méi – so mer mol – iwwerzeegend positiv ausgesinn. Dem Här Juncker seng Relatiounen mat aneren europäesche Spëtzepolitiker sinn iwwregens och nach laang net ëmmer gutt. Aanecht wéi eis dat hei an der lokaler Press viirgemaach gëtt, ass den Här Juncker an der europäescher Politik scho laang keen Atout méi fir eist Land. En ass bekannt, vläicht zëvill bekannnt…

Sollt hien nees Premier ginn, dann wäert hien wuel kaum „an Europa“ goen, ganz einfach well him d’Ennerstëtzung vun aneren Regierungen dofir ëmmer méi feelt.  Ob awer e Premier ouni gutt perséinlech Bezéiungen zu europäesche Spëtzepolitiker gutt fir eist Land ass, dat woen ech ze bezweifelen. 

Ech mengen, et wär sou lues un der Zäit datt souguer an der lëtzebuergescher Persounekultpartei „Mir mam Premier“ och mol eng Nofollegdebatt géng ufänken. Déi Kim-Il-Juncker-Mentalitéit an der CSV ass keng Reklamm  fir déi demokratesch Kultur an där Partei.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert