E Mann, dee geschloe gëtt, ass selwer schold…

An eiser Gesellschaft ass et leider nach ëmmer sou, datt bal kee Mënsch d’Nout vun denen Männer versteet, déi an enger Gewaltsituatioun liewen. Och bei eis an der Chamber, wann ech dee Problem uschwätzen, feelt et zwar u Versteesdemech fir männlech Affer vu Gewalt, mee dofir awer net un domme Kommentaren. 

Et ass awer eppes fundamental Ongerechtes dobäi, d’Suergen vun dë Fraen eecht ze huelen, déi vun de Männer awer net. Hei ass en interessant Experiment: wann eng Fra vun engem Mann geschloe gëtt, gräifen d’Leit direkt an, ëmgedréint awer net, och dann net, wann de Mann sech mol net selwer wiert. Schwätzt een dann mat de Leit déi einfach laanscht gaange sinn, dann héiert een sou Kommentaren wéi „ech hat geduecht hien hätt si bedrunn“…

Ech mengen, datt jiddereen seng eege Conclusiounen kann zéien. Ech wënsche mir jiddefalls eng Gesellschaft wou d’Suergen vun denen engen genee sou eecht geholl ginn, wéi d’Suergen vun denen aneren. Hei zu Lëtzebuerg si mir nach leider ganz wäit dovu wech.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu E Mann, dee geschloe gëtt, ass selwer schold…

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Här Kartheiser —

    Schéin, dass Dir an desem Fall Sympathie opbrenge kennt – an ech ginn Iech Recht, dass een onophängeg vun den Emstänn dat serieux huele sollt.

    Mee Dir zidd di ganzen Zäit iwwert Homosexueller, Transgender an aner Leit hier. Wéi ass et do mat der Sympathie – einfach mam Versteesdemech, dass och déi Leit an enger Situatioun sinn, déi ee selwer net novollzéien kann, déi een awer akzeptéiren a serieux huele soll?

    Ech weess, dass dat heiten net fräigeschalt get, dat ass mer egal. Ech fanne just dass Äer Compassioun a Sympathie relativ ongläich verdeelt ass. Wien schlechte Wellen huet, kennt bal unhuelen, dass Dir zwar wesst wéi et ass, Streech ze kréien, awer net wesst wéi et ass, homosexuell ze sinn.

    • fkartheiser sagt:

      Här Guddebour,

      ech hunn Aere Kommentar awer fräigeschallt, och wann ech fir gewéinlech drop verzichten Kommentaren fräi ze ginn, déi wéineg zur Diskussioun bäidroen an sech haaptsächlech mat mir beschäftegen. Merci fir Aer psychologesch Analys.

      Ech wollt awer just eppes kloer stellen: et ass mir perséinlech vollkommen egal, ob iergend een homosexuell oder heterosexuell ass, och wann ech perséinlech nëmmen un heterosexuelle Fraen interesséiert sinn.

      D’Institutioun vum Bestietnis ass mir awer net egal a virun allem d’Wuel vun de Kanner net.

      Ech sinn net bereed, homosexuelle Koppelen e „Recht op Kanner“ ze ginn. An ech wëll wa méiglech verhënneren, datt Kanner an homosexuelle Koppelen mussen opwuessen.

      Et ass mir iwwregens och vollkommen egal, wann ech wéinst dëser Haltung den 20. Oktober Stëmme verléieren. Ech hu keng Loscht mech ze verbéien fir eventuell kënnen an der Politik ze bleiwen. Vu mir kritt Dir also en éierlechen an definitive Neen zum Homo-Bestietnis ze héieren. Mee tréischt Iech: Dir hutt eng riiseg Majoritéit an der Chamber op Aerer Säit!

      mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

  2. Jacques Guddebour sagt:

    Här Kartheiser —

    Kompliment fir ‚t éischt, fir d’Diskussioun anzegoen, an et gefällt mer, dass do awer eng Empathie vun Iech mat de Leit ze spieren ass. D’Psychoanalys woer natierlech nemmen eng Stepplerei, mee et freet mech einfach, bei engem Konservativen Empathie fir d’Leit ze gesinn. Dat ass leider selten de Fall, an meeschtens nemmen dann, wann et gudd fir d’Walresultater ass.

    Zu den Kanner vun den Homosexuellen: Dir sidd (wéi ech) nemmen un de Fraen interesséiert. Dat ass eppes, wou Dir warscheinlech ni grouss huet missen driwwer nodenken, dat woer emmer esou. Dat selwecht trefft jo fir en Homosexuellen zou – dat ass kee Choix, dat ass eben sou. Dat ass net d’gesellschaftlech Norm, mee dat ass fir déi Persoun awer nun mol einfach esou. Heescht dat, dass déi Persoun soss net ähnlech Iddien an Gefiller kann hun wéi mir zwee – dass se net och kann drop drängen, eng Famill ze hunn? Dass se net och kann e gudden Job maachen, fir Kanner ze zillen, well se dat wichteg fennt? Et gi genuch Leit mat heterosexueller Orientéirung, déi keen Interessi u Kanner hun. Genausou kann een dervun ausgoen, dass Leit mat homosexueller Orientéirung frou mat – a gudd fir – Kanner sinn.

    An dann d’Kanner, iwwerhaapt. Je no Statistik, an ech gi gäeren zou dass d’Methodologien net emmer ganz stabil sinn, sinn éirenswou teschent 2% an 10% vun de Leit homosexuell veranlagt. Des Leit wuessen als Kanner meeschtens an heterosexuelle Familljen op, an dat schengt, wann d’Elteren an d’Gesellschaft generell op an tolerant derfir sinn, awer gudd ze goen. Déi Kanner ginn awer hiere Wee, a fannen oft stabil Liewesverhältnisser, an deenen si grad sou gudd liewen wéi en ‚dohiergelafenen Hetero‘. Fréier woer dat net onbedengt de Fall, an an méi engem traditionellen Emfeld ass et haut och nach méi schwéier, fir eens ze ginn.

    Aus der Unerkennung eraus, dass Homosexualitéit eben ‚einfach esou ass‘, genauso wéi Äer Heterosexualitéit – gett et do keng Appreciatioun vun Iech, dass een awer kann e gudde Papp oder eng gudd Mamm sinn, an dass een en Drang huet, eng Famill ze hunn? An dass en heterosexuellt Kand an deser Famill genausou gudd opwuesse kann wéi en homosexuellt Kand an enger heterosexueller Famill?

    E ‚Recht op Kanner‘ gett et bei Adoptiounen jo souwisou nie – do ass jo emmer e Riichter dran involvéiert, dee fir den Interet vum Kand schwätzt. A genausou wéi dee Riichter bei zweifelhaften Emstänn an enger Hetero-Koppel säi Veto aleet, kann en dat och bei enger Homo-Koppel maachen.

    Wat d’Stemmen ugeet – ech perséinlech fannen et agreabel, wa Leit hier Convictiounen ganz kloer maachen an do hannendru stinn. Eng Rei Leit, grad bei de grousse Parteien, dréien sech nom Wand. Sou eppes kann ech net stemmen, well ech jo net weess, wat ech stemmen. Een, deen riichteraus ass, kann ech do vill besser aschätzen.

    An neen, ech perséinlech stemmen Iech net, well mir do (an bei enger Rei aner Saachen) net op enger Linn leien. Mee ech hun d’Wourecht jo och net gepacht, an et ginn jo secher eng Rei Leit, déi Iech genau dowéint stemmen. An no deser Diskussioun warscheinlech méi wéi virdrun.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert