D’Madame Mady Delvaux an déi politesch Eierlechkeet

Schonn zënter Ufank vum Joer zirkuléieren Rumeuren, datt d’Madame Delvaux géng an der nationaler Politik ophalen an datt si sech fir d’Europawalen wéilt opsetzen.

Vläicht och dowéinst gouf si an engem Interview am Lëtzebuerger Land vum 26. Abrël 2013 mam Titel „Das Classique wird schrumpfen“ gefrot:

Nach so viel Diskutieren: Werden Sie für die LSAP noch einmal in die Parlamentswahlen gehen?“

Entgegen manchen Unkenrufen bin ich nicht amtsmüde. Wenn mich die Partei braucht, dann stehe ich zur Verfügung.“

Den 12. 09. wor d’Madame Delvaux op RTL invitéiert. Do huet et geheescht: „Ech hat souwisou decidéiert 2014 net méi unzetrieden“. 

http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun//468067.html

Also, als einfach gestréckte Mënsch hunn ech do meng Problemer…

Brauch d’LSAP d’Madame Delvaux lo net méi?

Oder hat si eventuell am Abrëll dem Land net d’Wouerecht gesot?

Sinn d’Europawahlen dann net och 2014?

A mengen An sinn der Madame Delvaux hir politesch Aussoen genee sou transparent fir hir Bilanen an der „Grond“- schoul. An dat wëll eppes heeschen…

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert