Den Dr. Mengele wielt d’Piraten!

Et ass einfach eng Beräicherung fir eist Land, sou eng Partei wéi d’Piraten ze hunn!

An hirem Walprogramm steet z.B. op der Säit 116 e wonnerbare Passage zum Thema „Embryonal-Fuerschung erlaben“.  Mir zitéieren:

„Et ass net u Politiker fir moralesch oder ethesch Entscheedunge fir Fuerscher ze huelen. Vill Decouverte konnten nëmme gemaach gi well sech d’Politik aus de moralesche Froen erausgehalen huet. Dofir fuerderen d’Piraten d’Entscheedung ob e Fuerscher mat embryonale Stammzellen fuerscht oder net genee dësem z’iwwerloossen.“ 

Ech well jo net behaapten d’Politiker wäre perfekt Leit, mee ëmmerhin stinn si an der Effentlechkeet an si musse – op d’mannst an der Theorie – hir Decisisiounen veräntwerten (mat Ausnam vum Här Juncker natierlech).

Dat brauch e Wëssenschaftler net am selwechte Mooss. D’Geschicht vun der Wëssenschaft ass voll mat intelligente Leit déi, zwar heiansdo mat engem schlechte Gewëssen, awer dann dach ganz fläisseg Schreckleches gemaach hunn. Gutt Grënn fënnt een ëmmer.

An d’Wëssenschaft huet virun allem och – genee sou wéi d’Politik – hir Krimineller, wéi z.B. de Josef Mengele, an hir Verréckter, wéi déi Hären Lombroso oder Bérillon an nach ganz vill anerer. 

Abee, ech mengen jiddefalls dat et genee un der Politik ass fir moralesch Verantwortung ze iwwerhuelen an sech net aus denen  ethesche Froen an der Fuerschung eraus ze halen! Ech mengen, datt et just un denen verantwortleche Politker ass fir normativ ze wierken an un déi Dimensiounen vum mënschleche Sinn mat ze denken, déi villen aneren net genuch bewosst oder ganz einfach egal sinn.

Ech erkennen hei d’Essenz selwer vun engem verantwortungsvollen Emgank mat enger politescher, dat heescht gesamtgesellschaftlecher Verantwortung. 

Mee gutt, eng Partei där hir Suergen WLAN a Gigabyte heeschen , ass do wahrscheinlech iwwerfuerdert.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert