Mat där Decisioun fir 60 Flüchtlingen hei am Land opzehuelen sinn ech selbstverständlech d’accord. Dat ass e wichtegen humanitäre Geste fir Leit déi an dem Biergerkrich schrecklech leiden.
Ech denken awer, mir sollten déi Leit prioritär bei eis ophuelen, déi vu kenger Säit a Syrien besonnesch gelidde sinn, an dat sinn d’Chrëschten.
http://www.kath.net/news/42830
Dat e Régime Assad sech laangfristeg hale kann ass onwahrscheinlech. Egal wéi e Régime Syrien an der Zukunft dirigéiert, wahrscheinlech sinn islamistesch Extremisten mat um Pouvoir. Et geet also drëm prioritär un déi Leit ze denken, déi a Syrien wahrscheinlech keng Zukunft méi hunn. Fir dee Fall, wou déi Leit missten méi laang bei eis bleiwen, sollte mir och Leit eraus sichen, déi am liichtesten kéinten hei integréiert ginn.
Dofir en Appel un d’Regierung fir 60 syresch Chrëschten opzehuelen.