Kuriéises aus engem lëtzebuergesche Schoulbuch (1): de Noen Osten

An eise Bicherbuttécker leien dëser Deg jo vill wonnerschéin Schoulbicher. De Moien konnt ech mech net zréckhalen an hunn eent dovu kaf: Entdecken und verstehen 3: Geschichte Luxemburgs aus dem Verlag Cornelsen – u sech e gutt Haus. Ech hat optimistescherweis geduecht, datt ech vläicht och nach am Alter eppes kéint bäiléieren.

E bëssche mësstrauesch wor ech awer, well am Buch steet  „Im Auftrag des Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle„. Dat ass schonn e bedeitend manner gutt Haus – nämlech e streng sozialistescht. 

An natierlech gouf ech net enttäuscht. E bësschen bliederen a scho wees een, datt een Geschicht net nëmme ka schreiwen, mee och ëmschreiwen. Op de Säiten 200 an 201 geet et z.B. em d'“Konflikregion Nahost“. An do liest een:

Wenngleich die dominierende Religion der Islam ist, so gibt es doch seit zwei Jahrtausenden bedeutende christlische Minderheiten“.

Ah bon?? Tiens!! An där Zäit wou ech an d’Schoul gaange sinn, hu mir nach geléiert, datt d’Chrëschtentum ongeféier 2.000 Joer al ass an datt de Prophéit Mohammed am Joer 632 (no Christus!)  gestuerwen ass. An där Géigend déi haut zu engem groussen Deel islamesch ass, hu keng „chrëschtlech Minoritéiten“ gelieft, mee d’Leit wore ganz einfach chrëschtlech oder ënner chrëschtlechem Afloss, nämlech duerch dat byzantinescht Räich.

Den Islam huet vill vun denen Géigenden bis an dat 8. Joerhonnert eran eruewert, an dë Chrëschten, déi wéi d’Judden an islamesche Staaten als Bierger vun zweeter Kategorie gëllen, gouf d’Bezuelen vun der Jizya operluegt. Si goufen eruewert an ënnerdreckt, fir et kloer ze soen. Haut ginn se verfollegt, ermuert oder verdriwwen.

Mee gutt,  vläicht kann dat an där nächster Oplo verbessert ginn, och wann et net an dat sozialistescht Weltbild vum éiweg béise Chrëschtentum passt.

Richteg propagandistesch gëtt et dann op där nächster Säit. Do steet:

Auf militärische Einsätze der israelischen Armee antwortet die palästinensische Seite mit Raketen und Selbstmordattentaten“.

Dee Saz ass sou falsch a sou verdréint, datt e géng en eegent Buch als Aentwert verdéngen. Huet den Här Asselborn dat do vläicht perséinlech geschriwwen? Den Här Ahmadinejad kann et jo net gewiescht sinn, well den Här hëllt dat Wuert „israelesch“ net an de Mond.

Mat „déi palästinesech Säit“ sinn hei sëcher déi zwou terroristesch Organisatiounen Hamas an Hezbollah gemengt. A gewéinlech äntwert déi israelesch Arméi op déi feig Attaquen vun denen Organisatiounen an net ëmgekéiert.

Richteg ass awer, datt een déi Situatioun als „Spirale der Gewalt“ kéint bezeechnen. Wéi wär et dann, wann „déi palästinensech Säit“, d’Existenzrecht vun Israel mol geng unerkennen? Dat wär schonn e grousse Schrëtt an déi richteg Richtung.

An eisem beléifte Feuilleton iwwer lëtzebuergesch Schoulbicher geet et dann muer weider, mat engem Artikel iwwer den Extremismus…

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert