Här Bëschof, firwat ënnerstëtzt Dir eigentlech nach d’CSV?

Entschëllegt, ech wees et ass eng rhetoresch Fro , wëll et geet der Kierch – sou wéi se hei zu Lëtzebuerg optrëtt an handelt – jo just nëmme nach ëm Suen, Muecht an Afloss.

De Moien hunn ech op RTL gelies, datt d’CSV de Reliounsunterrecht aus dem Secondaire wëll eraus huelen… abee merci! Ass dat vläicht Aer Aentwert op de „Multikulti“? Mir verleegnen, diminuéieren a verstoppen eis eegen Tradiounen a Wäerter fir denen aneren ze gefalen? Oder wëll Dir och lo vläicht, datt d’Theologie a Joerdausenden vu geeschtegen  a moraleschen Ustrengungen vun der Mënschheet – vu Striewen no Wouerecht, Asiicht, Weisheet a Léift –  an eppes gepresst ginn, wat iergend ee geeschteg Mannerbemëttelten eemol an dat konzeptuellt Wuertmonster „philosophie pratique“ gepresst huet?

Aer CSV, Här Bëschof, déi déi Dir all Dag an Aerer Zeitung vun der Säit 1 bis x lueft, heemelt, unhimmelt a verherrlecht, genee déi CSV:

– huet d’Euthanasie méiglech gemaach,

– d’Ofdreiwung liberaliséiert,

– d’Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht propagéiert, an lo

– schaaft si och nach de Reliounsunterrecht of – Schrëtt fir Schrëtt: fir t’éicht am Neie Lycée, lo am ganze Secondaire. 

Als Bëschof geng ech déi do Partei net ënnerstëtzen.  Dir bréngt et jiddefalls fäerdeg, mat Aerer CSV-Höregkeet, déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch och nach ëm de leschte Recht vun hirer Glaafwierdegkeet ze brengen! Wann Aer Kiirchen sou eidel sinn, dann och well d’Kiirch net fir dat asteet, wat se priedegt. Glaafwierdegkeet ass eppes anecht!

Schued, dat déi Zäit riwwer ass, wou déi kathoulesch Bëscheef sech nach fir hire Glaawen agesat hunn! Ech vermëssen den Don Camillo. Dir net?

Mat beschte Gréiss,

Fernand Kartheiser

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert