Madame Tanson, Här Kmiotek,

Als Co-Presidenten vun „déi Gréng“ verfollegt Dir jo bestëmmt och d’Aktualitéit an Däitschland a besonnesch déi Debatten rondrëm Aer  Schwësterpartei „Bündnis 90 – Die Grünen“.

Zënter Méint gëtt et bal all Dag nei Informatiounen iwwer déi pädophil Politik vun dene Gréngen an dene leschten Joerzéngten. Am Ufank gouf behaapt, dat wäre nëmmen Eenzelpersounen gewiescht, dono koum raus datt déi gréng Homosexuellen – a Pädophilegrupp  „SchwuP“ organiséierten Afloss hat, an lo si mer scho sou wäit, datt ëmmer méi Parteiprogrammer vun dene Gréngen mat oppe pädophile Fuerderungen entdeckt ginn. Och déi gréng Spëtzepolitiker stinn dëser Deg am Zentrum vun der Kritik. Och si hu pädophil Programmer ze veräntwerten.

Ech fuerderen Iech op fir déi lëtzebuergesch Gréng Stellung ze huelen a hunn dräi ganz konkret Froen un Iech. Ech hoffen op dräi konkret Aentwerten:

1. Wéi stellen sech déi lëtzebuergesch Gréng zu denen Entwécklungen bei denen däitsche Gréngen, mat denen Dir op europäeschem Niveau all Dag zësumme schafft?

2. Wéi ass et méiglech, datt dee gréngen Europadeputéierten Claude Turmes den Här Cohn-Bendit als Fraktiounspresident vun dene Gréngen am Europaparlament akzeptéiert? Dem seng Här seng pädophil Vergaangenheet ass jo gutt dokumentéiert.

3. Sinn déi lëtzebuergesch Gréng bereet onparteiesch Historiker domat ze beoptragen fir d’Vergaangenheet vun dene lëtzebuergesche Gréngen an hire Viirleeferparteien op eventuell pädophil Aktivitéiten hin ze duerchliichten? Ech verweisen do op den Optrag den eng däitsch Universitéit vun denen däitsche Grénge kritt huet.

Dir erënnert Iech wahrscheinlech un déi massiv Kritiken, déi déi lëtzebuergesch Gréng géint d’kathoulesch Kierch hei am Land haten, wou bei hir Fäll vu Pädophilie entdeckt goufen. Ech erwaarde mir vun dene Gréngen och lo bei sech selwer fir Eierlechkeet an Transparenz ze suergen an d’Effentlechket ze informéieren.

Mat beschte Gréiss,

Fernand Kartheiser

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert