Kuriéises aus engem lëtzebuergesche Schoulbuch (2): den Extremismus

An dem Geschichtsbuch „Entdecken und verstehen 3, Geschichte: Luxemburg“ aus dem  Cornelsen-Verlag,  gëtt et selbstverständlech och eng ganz Säit géint de Rietsextremismus (S. 144 „Gefahr von rechts, Rechtsextremismus heute“). Dat fannen ech eng ganz gutt Saach!   

Wat mech scho méi stéiert, ass dat ech keng Säit fonnt hunn iwwer de Lénksextremismus. Sou eng Säit „Gefahr von links, Linkesextremismus heute“ feelt einfach an dem Buch… komesch… a schued! Mir liewen an engem Land an dem et praktesch kee Rietsextremismus gëtt, mee wou awer eng KPL an „déi Lénk“ dë Lénksextremismus wierdeg representéieren.

Virun enger praktesch inexistenter Gefor gëtt also gewarnt, virun enger „real existéierender“ (fir am marxistesch-leninistesche Jargon ze operéieren) awer net. Gutt, den Optrag fir dat Buch kënnt vun engem sozialistesche Ministère, mee e bësschen Objektivitéit an intellektuell Eierlechkeet wären trotzdem net schlecht gewiecht.

Lo kéint ee vläicht soen, datt déi Warnung géint Riets besonnesch néideg wär, well jo am Buch vill iwwer den Zweete Weltkrich Rieds geet an iwwer d’Nazi-Okkupatioun vun eisem Land. Dat akzeptéieren ech. Mee wéi wor et dann mat der Sowjetunioun an der Okkupatioun vu sou ville Länner duerch déi kommunistesch Mäerderbanden?  Gëtt hei vläicht vergiess wéivill Doudeger de Kommunismus an all senge Formen ze veräntwerten huet? Solle mir net an Zäiten vun der Europäescher Unioun och un d’Leed am Osten vun eisem Kontinent erënneren an net nëmmen nombrilistesch un eis eegent? A solle mir dowéinst d’Schüler net genee sou virum Kommunismus wéi virum Nazismus warnen?

Dovun ofgesinn, fannen ech dat déi am Buch opgezielte Critèren fir „rechtsradikales Denken“ ze erkennen, e bësschen holpreg sinn.

Ech hätt z.B. dovu geschwat, datt d’Nazien och déi behënnert Mënschen als „net lieweswäert“ ugesinn  a si „euthanaséiert“ hunn. An dann hätt ech dë Kanner gewisen wéi déi Gréng an d’Sozialisten an der Chamber dofir Reklamm gemaach hunn, fir denen behënnerte Kanner an denen Demenzkranken ze „hëllefen“. Faschistesch Gedanken sinn eben net ëmmer do, wou ee mengt, datt se wären!  Déi Chambersdebatt ass iwwregens och op dësem Blog ze gesinn  (Bäitrag: „Gréng-roude Faschismus“).

Ech geng och net soen, datt de „Glaawen“ (dat Wuert ass hei e bësschen falsch op der Plaatz) un e „Vollék“ oder eng „Natioun“ schonn e Critère fir Rietsextremismus wär.  D’CSV ass eng „Vollékspartei“ – sou seet si mol – a si steet politesch do wou an anere Länner d’Sozialisten sinn, an dat och nach ënnert der strammer Féierung vun engem bekennende Kommunist. D’CSV ass och keng Vollékspartei mee eng Kaderpartei. Mee dat ass eng aner Diskussioun.

Artikel 32 vun eiser Verfaassung bestëmmt eis „Natioun“ als de Souverän. Dofir si mir awer nach laang kee faschistesche Staat!

Dat d’Fraen an d’Famill  „gehéieren“  KANN e Gedanke sinn, den an extremistesche Milieuen geflegt gëtt, e MUSS awer net. Vill Fraen decidéieren sech fir e Liewen fir hir Famill, a si sinn dowéinst nach laang net rietsradikal! Ech perséinlech hunn den allergréisste Respekt fir déi Fraen a Mammen déi hir Famill un déi éicht Plaatz setzen! 

Wou ech dem Buch awer wierklech Recht ginn, dat ass wann et seet, datt een déi Rietsradikal dorun erkënnt, datt si „Buttons“ oder „Kleidung“ als Zeeche vun enger „gemeinsamer Auffassung“ hunn. Wann eng Chambersessioun opgeet, hunn déi Gréng emmer all eng Sonneblumm um Revers, an d’Piraten laafen dëser Deeg mat engem mofe Sabbelduch duerch d’Stroossen. Domat ass bewisen: si si Rietsradikaler! Där Meenung wor ech scho laang, mee wann et an engem lëtzebuergesche Schoulbuch steet, da muss et stëmmen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert