LSAP: Schluss mat der Diskriminéierung vun der Kazemusek!

Dëser Deg huet d’LSAP och hire Kulturprogramm fir d’Wale presentéiert. Et ass en authenteschen Effort, ganz an der sozialistescher Traditioun, fir och déi Musekrichtungen déi bis lo zu Onrecht vum patriarchaleschen Establishment diskriminéiert goufen, ze rehabilitéieren an opzewäerten.  

Déi Kéier soll och endlech d’Kazemusek op ee Niveau mat Barock, Klassik, Oper an Operett gehuewe ginn. Quoten sollen deser wärtvoller an nëmmen aus Klassenarroganz raus benodelegter Musekrichtung lo hëllefen fir méi bekannt ze ginn. Si muss raus aus denen däischter beliichte Kelleren a rof vun denen ongehëtzte Späicheren!

  

 

Fir ze weisen, wéi och dëss Stilrichtung kann opliewen, hu sozialistesch Fraen a Männer, Jonker an Aler mat Häerzblutt an Asaz hirt Bescht ginn.

„Déi konservativ Säit“ seet hinnen am Numm vun alle Melomanen häerzlech Merci!     

 Als Beispill fir de wäertvoll Texter déi et och am Beräich vun der Kazemusek gëtt, gouf  e „Gassenhauer“ aus dem Joer 1871 als Viirlag geholl.

Aus Aktualitéitsgrënn, beschreift d’LSAP am Text hir Erfarungen aus der Koalitioun mat der CSV.

„Mat eis gouf ëmmer schlecht gedeelt“ jéimeren si, a si hu jo och Recht. Déi Dossieren wou ee vill an d’Zeitunge kënnt, huet den Här Juncker ëmmer fir sech selwer behal.

D’LSAP huet es genuch! „Du passé faisons table rase“ sange si, mir brauchen eng nei Koalitioun, eng wou si selwer de Premier stellt: „Nous ne sommes rien, soyons tout“!  

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert