SREL: Erklärung an eegener Saach

Den Internet huet dee Viirdeel, datt een do och déi Saache ka liesen, déi aus parteipolitesche Grënn hire Wee net an d’Press fannen oder do verfälscht presentéiert ginn.

Dofir ginn ech dëss Erklärung of, och fir de Fall wou mir eppes geng geschéien.

D’Lëtzebuerger Land hat virun en puer Méint eng Indiskretioun aus dem SREL publizéiert an domat an d’Effentlechkeet gedroen,  datt ech am Kale Krich Duebelagent war. Déi Publicatioun wor onverantwortlech, mee ech huele mol un, datt d’Lëtzebuerger Land, op der Sich no ëmmer neie Revelatiounen iwwer de SREL, sech de Konsequenzen fir mech net bewosst war.  

Doropshin huet den Här Direkter vum SREL mech informéiert, datt dëss Publikatioun eventuell eecht Konsequenzen kéint fir mech hunn. A sou Fäll  hëllt dee leséierte Geheimdéngscht – an dësem Fall de GRU –  fir gewéinlech seng Revanche géintiwwer dem Agent, dee géint hien  geschafft huet. Dat kann vu nach relativ harmlosen Aktiounen bis hin zu Kierperverletzung oder Mord goen.  

Och um beruffleche Plang huet dat fir mech Konsequenzen. Ech kann z.B. net méi op dee russeschen Territoire goen well ech geng mat grousser Sëcherheet als Spioun verhaft ginn an op d’mannst eng Prisongsstroof riskéieren.

Well ech jo net wees wéi d’Walen den 20. Oktober ausginn, hunn ech als Beamten vum Bausseministère e Bréif un den aktuelle Minister geschriwwen, fir hien ze informéieren, dat ech am Fall wou ech net géng zréck gewielt ginn, meng Reintegratioun froen. Dat ass am Gesetz sou virgesinn. Ech hunn am Ministère Recht op eng „äquivalent Funktioun“ zu där déi ech hat, dat heescht Ambassadeur.  An dem Bréif hunn ech den aktuelle Minister also och doriwwer informéiert, datt ech aus Sëcherheetsgrënn net méi kann a Russland goen, mee dat mäin Asaz fir mäi Land als Agent net därf als beruffleche Nodeel fir mech gesi ginn. 

Den Här Direkter vum SREL hat mir gesot, datt de Staatsministère mir géng e Bréif zu dem Thema schécken. Sou eng Note hunn ech dann och a mengem Bréif un d’Affaires étrangères ugekënnegt.

Haut huet den Här Direkter vum SREL mech informéiert, datt säi Ministère de tutelle, also de Staatsministère,  refuséiert fir mir sou e Bréif auszestellen.

Ech wees natierlech net, wen an dem Ministère déi Decisioun geholl huet an och net firwat, mee wen d’Verantwortung dréit, dat wees ech.

Falls ech Recht hunn,  fannen ech et jiddefalls lamentabel, datt parteipolitesch Consideratiounen souguer verhënneren datt déi elementarst Interessen vun engem Beamten, dee fréier als Geheimagent geschafft huet, vun der autorité de tutelle vum Geheimdéngscht net sou wouer geholl ginn wéi et normal wär – bal an all Land vun der Welt. Hei gëtt mol net méi den elementarsten Anstand gewahrt.

Dem Här Direkter vum SREL soen ech merci fir seng Eierlechkeet a seng Solidaritéit mat engem fréieren Agent vum SREL.

Ech hu keng Aanung, wat lo am Staatsministère erzielt an intriguéiert gëtt, mee ech hu mäint gesot.

Lëtzebuerg, den 19. September 2013

Fernand Kartheiser

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert