De CNFL huet eng – vu Steiersuen bezuelten Invitatioun – fir eng Konferenz an där – vu Steiergelder ënnerstëtzter BGL-BNP Paribas – iwwer „evidence-based Medizin“ déi zu „Gender-Medizin“ soll féieren verschéckt. Dofir en häerzleche Merci vun der Poubelle a menger Mailbox.
Mee ier ech déi CNFL-Byten op hiren digital leschte Wee schécken, hei nach e puer Auszich a Kommentaren:
„An den Universitäten entwickelte sich aus Frauengesundheit und der später dazu gekommenen Männergesundheit Gender Medizin, die als Aufgabe sieht evidence-based medizinische Angebote in Prävention, Diagnose, Therapie und Rehabilitation zu entwickeln und in der Folge in die Lehre zu integrieren.
Forderungen: Frauengesundheit und Gender Medizin: Wer profitiert davon?
Frauen UND Männer:
Durch speziell für Frauen und Männer evidence-based angepasste Angebote in Prävention, Diagnose, Therapie und Rehabilitation. Bei den ersten Themen, wie Herz und Medikamenten haben Frauen profitiert, bei Osteoporose eindeutig Männer! Gender Medizin ist der erste Schritt in Richtung personalisierter Medizin, was wohl alle PatientInnen anstreben.“
Do schléit mäi konservativt Häerz de Kopplabunz! Wann ech Dokter wär, geng ech jo prompt behaapten, dat all anstännege Mediziner Symptomer sicht a seng medizinesch Literatur kennt – d’1 x 1 vun dene Leit a Wäiss zënter dat et de Beruff gëtt! Nä, haut gëtt aus Selbstverständlechkeeten eppes Ideologesches gebastelt, dat dann och prompt zu politeschen Zwecker benotzt gëtt! Dat muss een sech mol op der Zong zergoe loossen: „Gender-Medizin ist der erste Schritt in Richtung personalisierter Medizin“! Wat hunn d’Dokteren dann iwwer d’Joerdausenden soss probéiert ze maachen??
http://www.ebm-netzwerk.de/was-ist-ebm/grundbegriffe/definitionen
A wéi ëmmer ginn hei nees Termen verwiesselt: Gender ass net „Fraen a Männer“ mee d’Iddi vun engem sozial konstruéierten an auswiesselbarem Geschlecht. An dem Sënn ass déi do Invitatioun net mol konform zu dem wat se behaapt ze sinn. Wou bleift d’Gesondheet vun den Trans-Inter-Bi-Queer-Wees net-Béides-Alles-Mol dat eent mol dat aanert-Sexuellen?
A wou bleiwen déi Fäll vun dene Leit déi d’Gendertheorien an den Doud gedriwwen hunn, wéi den onvergiessene Fall vun de Bridder Bruce a Brian Reimer?
An da kommen och nach zwee Ministeren! D’Ministeren fir Chancegläichheet/Mëttelstand a fir Gesondheet hunn den Dag offensichtlech keng Zäit fir sech ëm déi wichteg Dossieren ze këmmeren, si maache léiwer „Gender-Medizin“.
Jidddefalls ass meng Positioun däitlech déi hei: mir brauche keng Steiererhéigungen mee just nëmme gesonde Mënscheverstand fir eise Budget an d’Rei ze kréien!