Bravo, Här Colonel Hoffmann! Bravo, Här Generaldirekter Reuland!

An dem Bommeleeërprozess, bei dem d’Lëscht vun den Absurditéiten all Dag méi laang gëtt, freeën ech mech, datt verschidden Offizéier mat Courage hir Eier an Integritéit verdeedegen.

D’Press – a besonnesch RTL – ass jo an dem Prozess alles aanecht wéi neutral oder objektiv  – mee dat wonnert hei am Land jo kee méi. Wen Arméi- oder Gendarmerieoffizéier ass oder war, ass jo hautzudaags schonn e potentielle Kriminellen. Abee, dat ass net sou!      

Et ass „dégoûtant“ am „ignoble“wéi an dem Prozess probéiert gëtt d’Offizéier ze denigréieren an eise ganze Staat schlecht ze maachen.

D’Theorie vum Stay behind? Parfaitement ridicule! (cf. e puer Artikelen op dësem Blog) 

Den „Drock“ op d’Enquêteuren??? „Entrave à la justice“?? Hei wësse verschidde Leit net méi, wat op dëser Welt ën „Drock“ oder eng „entrave à la justice“ ass! Dat „entrave-Gesetz“ ass en iwwerdriwwent a rechtsstaatlech irresponsabelt Gesetz vun engem Här Procureur général erfonnt an duerch d’Instanze gepäitscht. Wat sinn ech frou, dat ech dat Gesetz net gestëmmt hunn! Ech sinn dofir, datt dat Gesetz dem franséichen Text ugepasst gëtt.

Dat ee Minister oder en Offizéier freet, wéini eng Enquête ofgeschloss ass, ass a mengen An souwuel normal wéi legitim. Dat hätt ech och gemaach. Wat awer net normal ass, ass dat zwee Polizeioffizéier géint d’Beamterecht vun hire Fonctiounen entbonne ginn. Och dat hunn ech alles op dësem Blog scho beschriwwen.

Ech wënschen dem Här Colonel Hoffmann jiddefalls bonne chance!

https://docs.google.com/viewer?url=http://download.rtl.lu/2013/09/24/5fac6387dc5b6a97650e0e0b62d0c319.pdf&chrome=true

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert