Här Juncker, huelt den „C“ raus aus der „C“SV!

No dem Dir och nach de Reliounsunterrecht sacrifiéiert hutt, lo mol am Secondaire geschwënn dann och am Primaire, gëtt et näicht méi wat den „C“ bei der CSV nach justifiéiert.

Am Jeudi steet Dir hätt gesot „il ne faut pas confondre le C de chrétien-social avec le C de l’Eglise catholique“. Mee op Christus wäert Dir den „C“ vu  „chrëschtlech“ jo awer sëcher nach wëllen zréck féieren?

An huelt egal wéi eng vun denen groussen „C“-Richtungen, déi kathoulesch, déi orthodox, déi anglikanesch an och souguer déi protestantesch, keng gëtt Iech eng Lizenz fir dat wat Dir seit Joer an Dag maacht.

Aer Bilanz ass:

– Dir hutt d’Euthanasie zougelooss

– Dir hutt d’Ofdreiwung liberaliséiert

– Dir wëllt d’Homo-„Bestietnis“ aféieren

– Dir schaaft de Reliounsunterrecht of.

Déi italiensch „Democrazia cristiana“ huet sech opgeléist an déi belsch Chrëschtdemokraten hunn den C aus hirem Numm rausgeholl an nënnen sech well Humanisten. Wär dat net och den éierleche Wee fir d’CSV? An der Europäescher Vollékspartei (EVP) am  Europaparlament ass d’CSV souwisou déi Partei déi am wäitste lénks steet – do wou scho vill sozialdemokratesch a sozialistesch Parteie sinn.

Firwat ännert d’CSV net endlech och hire Numm a seet wat si wierklech ass?

Am „Wort“ vun haut seet d’Madame Marie-Josée Frank,  déi lescht Katholikin an der CSV-Fraktioun (vu 26!!) – sech „enttäuscht“ an „empört“. D’Madame Frank wor déi lescht Vertriederin vun enger chrëschtlecher CSV. Mat hir ass den C aus där Partei fort gaangen.

Wat bleift ass: „SV“ – Sabbelveräin.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

4 Kommentare zu Här Juncker, huelt den „C“ raus aus der „C“SV!

  1. Erik Zeimet sagt:

    Ech wielen nëmmen eng wäertorientéiert Partei, déi géint d’Euthanasie, géint d’Ofdreiwung, géint d’Homo-Bestiednes/-Adoptioun an fir den chrëschtlechen Religiounsunterrecht as! :-/ Leider, wees een bei der ADR och net sou richteg, wou een do drun as.

  2. Leo sagt:

    Ou?? Bei der adr weess ee geneen, wou een drun ass. Et muss een et just wësse wëllen! Et brauch een nëmmen nozelauschteren an ze liesen. A wann ower nach Froen opstin, kann een déi op Walversammlunge stellen oder och soss bei der adr nofroen! Dat sin alles just kleng Efforten, déi gutt missten ze maache sin. Ech sin och net Member, néierens, mee ech hu mech informéiert. Dësen Donneschdeg präsentéiert d’adr hire Walprogramm, nach eng ganz gutt Geleeënheet, fir sech ze informéieren.

    • Erik Zeimet sagt:

      Wann een d’Aussoen vun dem jonken Rotshär vun Péiteng héiert, dunn as d’ADR éischt géint déi genannten Punkten an wann ech hei kucken as sie dofir; wat as dunn elo wouer!?

      • fkartheiser sagt:

        Gudden Owend, Här Zeimet,

        déi Positioun déi d’ADR als Partei fir déi nächst Legislaturperiod bënnt, steet am Walprogramm dee mar publiziéiert gëtt. Dat heescht jo net, dat et an der ADR, wéi an all aner Partei och, net och verschidde Meenunge zu kontoverse Sujetë gëtt. Mir hunn awer an der Partei eng lieweg an tolerant Diskussiounskultur an, wat ëmmer nees flott ass, mir kommen och zu gudden Decisiounen.

        Mat beschte Gréiss,

        Fernand Kartheiser

Schreibe einen Kommentar zu Erik Zeimet Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert