Dene Gréngen hir „ekologesch Steierreform“ an der Praxis

Déi Greng mat hirer Steierpolitik sinn eng richteg Gefor, net nëmmen fir d’Economie vun eisem Land insgesamt (dozou gëtt et e schonn puer Artikelen op dësem Blog), mee virun allem och fir déi normal Stéit an do besonnesch fir déi sozial Schwaach.

Mat Recht seet d’ADR ëmmer nees datt „déi Greng deier ginn“. An dem grénge Walprogramm gi jo och scho nees eng Rei vu Steiererhéigungen ugekënnegt, zum Beispill bei der Grondsteier. Haut wëlle mir awer déi gréng Steier- an Taxepolitik um Beispill vun den Offallpräiser dokumentéieren.   

Den 1. Februar 2012 goung et an der Chamber ëm e Gesetz iwwer d’Offallpolitik an de Prinzip vum „pollueur-payeur“, ë gréngen Dada. Interessant wor  déi Kontrovers tëschent dene Gréngen an der ADR, woubäi sech lo an der Praxis weist, datt d’ADR  Recht hat.

Den Här Camille Gira (déi Gréng) hat a senger Ried  (vun 1:49 un) d’Press kritiséiert a besonnesch ee bestëmmten tageblatt-Artikel  dee senger Meenung no  „aus de Fanger gesuckelt“ wär well e behaapt huet, datt dat „Neues Gesetz bittet Verbraucher zur Kasse„. Den Här Gira huet dat a senger Ried vehement ofgestridden a souguer eng finanziell Entlaaschtung fir déi privat Stéit an de Raum gestallt. Eng Aehnlechkeet mat der Waasser-Direktiv, déi och schonn fir d’Familljen enorm deier ginn ass, konnt hien net erkennen.

Den Här Gira huet dann awer och (vun 1:52 un), eventuell Präisdeierechten bei den Dréckseemeren relativéiert. A sengem Syndikat geng en Dréckseemer vun 120 l d’Joer 230 Euro d’Joer kaschten an souguer eng Deierecht vun 10% wär jo dann net schlëmm ( dat wären  dann 243 Euro d’Joer).

Ech well hei just drunn erënneren, datt déi Gréng jo och géint den Index sinn, awer gläichzäiteg fir e ganz groussen Deel vun eiser hausgemaachtener Inflatioun d’Verantwortung droen.  A mengen An ass eng Deierecht vun 10% jiddefalls keng Bagatell!

Den Här Gira seet da weider (1:53:15) „Ech verstinn d’Welt geschwë net méi , wa mir iwwer Famiilljen déi aarm dru sinn schwätzen, wa mir näicht aanescht fannen wéi iwwer Waasser an Offall  ze schwätzen“  Abee, Här Gira, Dir wësst dat wahrscheinlech net, mee fir eng Famill déi net vill verdéngt sinn Aer Waasser- an Offallpräisser eng enorm zousätzlech Belaaschtung!   

Richteg zynesch ginn déi Gréng dann e bësschen méi spéit. Si maache richteg de Géck mat denen aarme Leit ( 1:56:40)!  Fir déi Gréng ass et onsozial „wann een engem Haushalt mat engem klenge Revenu eng 240 l Dréckskëscht fir fir en Apel an e Stéck Brout virun d’Dir setzt. Domat encouragéiert den Haushalt ongestroft, wann ech mol sou därf soen, Offall ze produzéieren sou vill e wëllt“.

view video on chd.lu 
 

Den Här Gast Gibéryen (ADR) huet dene Gréngen mat däitleche Wierder geäntwert (vun 2:08 un). Hien huet besonnesch wat déi sozial Froen ugeet, dene Gréngen dën Tëpplechen op den i gesat. 

view video on chd.lu 

 An den Här Gibéryen hat Recht!

E ganz konkret Beispill fir déi gréng Steierpolitik weist elo d’Gemeng Kärjeng. Do sinn déi ex-Schwaarz (also déi Orange déi géint d’Kierch sinn) zësumme mat dene Gréngen um Rudder. Si hunn sech lo op dat neit Gesetz beruff an d’Taxen fir d’Dréckseemeren massiv an d’Luucht gesat.

Hei ass dat aalt Reglement vun der Gemeng Kärjeng:

http://www.kaerjeng.lu/ecologie-et-mobilite/ecologie/dechets

Taxes  

Bascharage, Hautcharage, Linger

 
Ordures (volume poubelle n’est pas considéré)
 
Ménage à une personne/an = 178
Ménage supérieur à une personne/an = 223
Enlèvement objets encombrants (6 x par an) = 39
 
 
Clemency, Fingig
 
Ordures
 
Poubelle 120 litres/an = 190
Poubelle 240 litres/an = 305
Enlèvement objets encombrants (4 x par an) = 30
 

 An hei ass dat neit:

 http://www.kaerjeng.lu/ecologie-et-mobilite/ecologie/Eco_info.pdf?FileID=publications%2feco_info.pdf

Zu Kéinzeg an zu Féngeg kann een d’Präisser a Relatioun mam Volumen direkt vergläichen: 

En Dréckseemer vun 240 l kascht lo amplaatz vun 305 Euro am Joer 792 Euro (+159%).

En Dréckseemer vun 120 l kascht lo amplaatz vun 190 Euro am Joer 396 Euro (+ 108%).

Dat ass déi gréng Sozialpolitik! Wen en Häerz fir déi sozial méi Schwaach huet, soll den 20. Oktober op kee Fall Gréng wielen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert