„Déi Gréng“: 6 Joer bis zu engem klore Jo zu der Videoiwwerwaachung

D’Aktualitéit an dene leschte Wochen  huet – ënner  anerem – doran bestaanen, dat d’Kameraiwwerwaachung an der Stad Lëtzebuerg nees verlängert gouf.  

http://news.rtl.lu/news/national/472526.html

Domat hunn ech perséinlech iwwerhaapt kee Problem, ganz am Géigendeel, mee ech erzielen hei déi Geschicht fir ze weisen wéi déi Gréng sech an hirer Rhetorik joerelaang géint d’Kameraiwwerwaachung ausgeschwaat hunn, bis si elo ëmgekippt sinn.

Am Walprogramm vun dësem Joer steet – wann een e richteg liest – e kloren, offizielle Jo zu der Videoiwwerwaachung. Dat ganzt mat engem klenge „Feigenblatt“ wéinst der Konkurrenz vun de Piraten, déi jo bei déi Gréng a bei déi Blo hir Stëmme fänke ginn. 

 „eine Regulierung für die Nutzung von Kamerasystemen und für die Speicherung der dadurch erhaltenen Daten einführen.

Bestehende Überwachungskameras im öffentlichen Raum werden nach regelmäßigen und frei zugänglichen Evaluierungen auf das notwendige Minimum reduziert und flächendeckende Überwachungskamerasysteme grundsätzlich abgeschafft.;“

Sou wäit ass et vläicht och komm, well déi Gréng nach am Joer 2012 eng opgefouert haten wou eng Gewalttat an engem Zuch gefilmt gouf an doduerch d’Täter konnten iwwerféiert a veruerteelt ginn.

http://www.greng.lu/actualites/zugattacke-zum-verh%C3%A4ltnis-zwischen-fahndungserfolg-und-schutz-der-privatsph%C3%A4re

Ech erënneren mech nach gutt dodrun, wëll ech an der Chamberkommissioun als eenzegen de Parquet an d’Police kloer an hirer Démarche ënnerstëtzt hat. Fir déi kritesch Haltung vun dene Gréngen gouf et  bei eiser Populatioun och sou gutt wéi kee Versteesdemech. Déi riiseg Majoritéit huet sech iwwer d’Kameraiwwerwaachung an den Zich gefreet an d’Veruerteelung vun denen Kriminelle begréisst.  Déi Gréng stoungen op där falscher Säit. Déi Argumentatioun mat der Privatsphär vun denen Onbedeelegten wor mat den Hoer erbäigezunn. 

 Nach ee Joer virdrunn, am Joer 2011, huet den Här François Bausch eis nach erklärt, firwat datt déi Gréng  sou skeptesch géintiwwer der Kameraiwwerwaachung sinn:  

 

An am Joer 2007 wor dat Ganzt nach „Big Brother“, wéinstens fir déi „Jonk Gréng“.

http://www.greng.lu/actualites/video-%C3%BCberwachung

Lo, no 6 Joer, sinn déi Gréng an der Realitéit ukomm, vläicht och wëll si jo wëlle „méi Verantwortung“ droen, dat heescht endlech an eng Regierung kommen. Da mussen och mol e puer vun denen ale Fundi-Thesen  dru gleewen. D’Piraten wäerten sech freeën! 

http://piratepartei.lu/?p=3759

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert