Aus verschiddene Grënn verëffentlechen ech nëmmen e klengen Deel vun dene Kommentaren déi mech erreechen.
Haut huet mech awer e Kommentar erreecht, dee mat Recht d’Fro stellt wou den ADR-Walprogramm bleift? En aneren Här freet no eise Positiounen a verschiddenen ethesche Froen.
De Programm ass fäerdeg a gëtt den 3. Oktober owends publizéiert. En ass am Groussen a Ganzen eng Aktualiséierung vum Programm vun 2009. Perséinlech mengen ech, datt dee Programm eng exzellent a ganz kloer Alternativ zu denen anere Parteien duerstellt – mee ech si jo wierklech „parteiesch“!
Ech mengen dat déi Leit déi sech kloer Wierder zu ethesche Froen erwaarden net enttäuscht ginn!