Gréng Glaafwierdegkeet (3): de Rotatiounsprinzip

Bei denen däitsche Gréngen, wéi och bei eisen hei, wor am Ufank vun der Bewegung ëmmer de Rotatiounsprinzip héichgehale ginn. Fir dee basisdemokratesche Prinzip  ze liewen an e Mëssbrauch vun der Muecht ze verhënneren, sollte politesch Mandater an der Haltschent vun der offizieller Mandatsdauer un dee Nächstgewielte weidergi ginn. E Kumul vu Mandater sollt et natierlech och net ginn. 

http://de.wikipedia.org/wiki/Rotationsprinzip

Wat an der Tëschenzäit doraus ginn ass, illustréiert op eng perfekt Manéier den Här François Bausch. An engem  RTL-Interview huet hien seng Vuen erklärt:

http://news.rtl.lu/hannergrond/background/472551.html

Vun der Minutt 21 un beklot sech den Här Bausch iwwer déi grouss Belaaschtung duerch säin Duebelmandat. Den Här Bausch kéint allerdéngs ouni Problem direkt entweder als Deputéierten oder als Schäffen demissionnéieren, genee iwwregens wéi d’Madame Loschetter. Si brauchen dofir keen extra Gesetz.

Déi Erklärung déi den Här Bausch an der Minutt 24 gëtt, firwat hien dat net mecht, iwwerzeegt mech absolut net. De Walsystème, sou wéi en haut opgebaut wär, geng déi Partei benodeelegen, déi elo scho geng soen, dat si dat wéilt maachen géintiwwer denen déi et net génge maachen….an dofir misst e Gesetz gemaach ginn, fir dat och jiddereen sech misst drun halen. Ech ginn zou, ech muss de „Prënz“ vum  Machiavelli nach e puer mol liesen ier ech déi gréng Logik verstinn…

Net oninteressant ass och dëss Analys vun där däischer Ex-Grénger Jutta Dithfurt iwwer den Ennerscheed tëschent dem gréngen Image an der grénger Realitéit. 

  <

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert