CSV-Europapolitik: den Ausverkaf vum Lëtzebuerger Land (2)

Beim Auslännerwalrecht ass den Zick-Zack-Kurs vun der CSV weder stabil, nach fair. Et gëtt gelunn, drop an derwidder!

Fir t’éicht proposéiert d’CSV an der Chamber eng Verfassungsännerung fir d’Auslännerwalrecht opzemaachen (den Detail mat allen Dokumenter steet  op  dësem Blog). Vun alle Parteien an der Chamber ass just d’ADR dogéint. D’CSV mierkt dann awer dach, datt e groussen Deel vun de Lëtzebuerger mat hirer Politik net d’accord ass, a probéiert nach séier d’Kéier ze kréien. Den Här Roth mëcht dann am Luxemburger Wort sou, als wär d’CSV dofir, dat nëmmen d’Lëtzebuerger därfe wiele goen. Dee parteiinterne Sträit geet awer virun…

Déi zweet Kéier am CSV-Zick-Zack-Kurs steet lo am CSV-Walprogramm a si ass déi schlëmmst vun allen: den europäesche Federalstat! Sou wéi an Amerika all Amerikaner déi selwecht politesch Rechter huet, egal wou e wunnt, sou soll och an der EU all europäesche Bierger déi selwecht politesch Rechter kréien, egal wou e wunnt. Domadder hu mir dann net nëmmen d’Auslännerwalrecht fir déi europäesch Bierger, mee mir kéinte dann och hei en däitsche, e schwedeschen oder e maltesesche Premier vum State of Luxembourg kréien, wat allerdéngs – dat muss ech zouginn – géintiwwer dem aktuellen Titulaire net onbedéngt eng Verschlechterung wär…   

Et gëtt jo awer vill fundamental Ennerscheeder tëschent den USA an der EU. Ee vun denen wichtegsten ass, datt d’Amerikaner jo all eng an déi selwecht Nationalitéit hunn („One Nation under God“), mee dat d’EU aus 28 verschiddene Natioune besteet.  

Hei  e puer Auszich aus dem CSV-Walprogramm. Fir t’éicht soen si, datt d’Walrecht op nationalem Niveau soll fir d’Lëtzebuerger reservéiert sinn, fir dann am Saz drop dë geneeë Contraire ze soen! Dat ass d’CSV-Dialektik! Den éichte Saz kënnen se an hir Zeitung setzen, an där Iwwerzeegung dat dee Saz hannendrunn da kee méi liest.

Wen CSV wielt, wielt den europäesche Federalstaat, wen ADR wielt, ass fir en Europa an dem et och nach mar ën eegestännegt Lëtzebuerger Land mat senger eegener Identitéit gëtt!

„Wir werden die Allianz des Europäischen Jahres der Bürgerinnen und Bürger 2013 unterstützen. Auch wir wollen die Unionsbürgerschaft in den Mittelpunkt der politischen Agenda rücken.“

(…)

„Wir werden das Wahlrecht auf nationaler Ebene den Luxemburgern vorbehalten. Wir werden indes im Rahmen der Verfassungsreform den Zugang von Nicht-Luxemburgern zu verschiedenen Referenden ermöglichen.

Wir werden innerhalb der EU aktiv für eine einheitliche Lösung werben, die allen EU-Bürgern die gleichen politischen Rechte in Europa einräumt.“

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert