An der Schoulpolitik vun enger Immigratiounsgesellschaft ass et besonnesch wichteg fir d’Kanner beieneenzehalen a si net no Sproochen ze trennen. Wen d’Kanner trennt, favoriséiert d’Segregatioun amplaatz d’Integratioun.
Et ass extrem onwahrscheinlech, dat Kanner déi eemol no Sproochecritèren getrennt goufen nees kënne méi spéit zësummefannen wann hir respektiv Sproochkenntnisser am Däitschen an am Franséischen sech theoretesch sollen ugeglach hunn. Et ass vill éichter ze fäerten, datt sou Usäz ëmmer méi ausgebaut ginn an datt et schlussendlech zu zwee komplett getrennte Schoulsystemer hei am Land kënnt.
D’ADR setzt an der Schoul konsequent op Integratioun iwwer d’lëtzebuerger Sprooch. Déi aner Parteien fänken awer un d’Kanner ze trennen. Si kapituléieren domat virun denen aktuelle Fehlentwécklungen déi se domadder och nach zëmentéieren.
A virun allem: dëss Fehlentwécklungen hunn déi Parteien selwer ze veräntwerten well si ni eng richteg Integratiounspolitik entwéckelt a bedriwwen hunn!
Hei d’Auszich aus de Walprogrammer:
D’CSV:
„Wir werden das Schulangebot an die Wirklichkeit anpassen. Deshalb schaffen wir die Möglichkeit einer Alphabetisierung auf Französisch oder einer zweisprachigen Alphabetisierung.“
D’DP:
„Zweisprachige Alphabetisierung ermöglichen
Das Angebot der Luxemburger Schulen muss sich nach Ansicht der DP im Hinblick auf die Sprachenproblematik stärker differenzieren. Ein Ansatz hierfür kann die zweisprachige Alphabetisierung darstellen.“
D’LSAP:
„wird ein Pilotprojekt in der Grundschule initiieren, das auf französische Alphabetisierung setzt und die deutsche Sprache als Fremd- bzw. Zweitsprache anbietet (diese Initiative sollte aus Sicht der Sozialisten dann im Sekundarschulbereich fortgesetzt werden);“