JCJ: Nach e Spëtzekandidat dee keen ass?

Sou lues verléieren ech den Iwwerbléck…

– den Här Goerens kandidéiert fir d’Chamber mee wëll net an d’Chamber,

– den Här Bettel wees net wat ë wëll (seng Partei iwwregens och net),

– den Här Schneider seet e wëll Premier ginn, wat awer kee méi sou richteg gleeft, wëll déi Rout an déi Schwaarz wëllen anscheinend nees eng schwaarz-rout Koalitioun maachen,

Beim Här Juncker wor d’Saach bis elo jiddefalls kloer:

http://www.wort.lu/de/view/juncker-premierminister-oder-abgeordneter-521383b9e4b02e25c23684d5

Mee lo ass och den Här Juncker anscheinend amgaang d’Waliss ze paken:

http://www.wort.lu/de/view/weg-nach-bruessel-fuer-juncker-frei-525142a9e4b0127de7dd976d

Wann d’CSV lo Leit sicht, fir dem Här Juncker seng Plakater nees asammelen ze goen, ech pake gär eng Hand mat un!

Wéi wär et, wann d’CSV eis geng zwou Wochen virun de Wale soen, wen hiren eigentleche Spëtzekandidat ass, den Här Wiseler?  den Här Frieden? den Här Spautz?

Ennert engem „faire“ Walkampf verstinn ech eppes aanecht!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert