Den alternative Klimarapport: NIPPC amplaatz IPCC!

Wéi vill Leit hunn och ech ës méi wéi genuch mat där alldeeglecher Klimapolitmanipulatioun. Zënter Joeren gëtt dë Leit vu skrupellose Manipulateuren Angscht gemaach, datt mir géngen virun enger Klimakatastrof stoen. Mam Wieder léisst sech ebe gutt Politik maachen: et ass ëmmer iergendwou oder iergendengem ze naass oder ze drëchen, ze kal oder ze waarm. A Stierm gëtt et nun eemol och, grad sou wéi Iwwerschwemmungen oder Drëchenten.     

En idealen Terrain also fir Leit déi d’Oninforméiertheet oder d’Angscht vu ville Leit fir hiren eegene politeschen oder kommerzielle Virdeel notze wëllen, un éichter Plaatz also déi gréng Parteien. Zum Thema Klima gëtt et iwwregens schonn eng ganz Rei vun Artikelen op dësem Blog.

Haut wëll ech den alternative Klimarapport virstellen, den vun enger ONG presentéiert gëtt déi sech NIPCC nennt. En ass eng héig interessant Alternativ zu dem IPCC, den sech jo schonn e puer mol fuerchtbar blaméiert huet (och dozou gëtt et Beispiller op dësem Blog) oder carrément gelunn huet.

http://climatechangereconsidered.org/

Den NIPCC beschreift sech sou:

The Nongovernmental International Panel on Climate Change (NIPCC) is an international panel of nongovernment scientists and scholars who have come together to present a comprehensive, authoritative, and realistic assessment of the science and economics of global warming. Because it is not a government agency, and because its members are not predisposed to believe climate change is caused by human greenhouse gas emissions, NIPCC is able to offer an independent “second opinion” of the evidence reviewed – or not reviewed – by the Intergovernmental Panel on Climate Change (IPCC) on the issue of global warming.“

Dat mir eis gutt vesrtinn: och ech si fir Emweltschutz, och ech wëll datt mir d’Waasser, de Buedem an d’Atmosphär propper halen! Mee ech si fir eng éierbar Wëssenschaft an  eng éierlech Politik. Dem IPCC trauen ech dowéinst iwwerhaapt net méi.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Den alternative Klimarapport: NIPPC amplaatz IPCC!

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Grouss als een vun de Bedreiwer den Heartland Institute? Deen de Leit wollt erklären, Femmen hätt näischt mat Longekriebs ze dinn?

    Wann een dat lo net wellt wessenschaftlech ugoen, da kéint ee soen, de Géigendeel vun deem, wat den Heartland Institute seet, ass richteg. Statistesch ass dat nämlech bis elo emmer de Fall gewiescht 😉

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert