Am Evangelium steet: „Warum siehst du den Splitter im Auge deines Bruders, aber den Balken in deinem Auge bemerkst du nicht?“ (Matthäus 7,3)
Frënn aus der ADR hu mir gesot, datt eenzel Grénger sech doriwwer opreegen, datt op engem ADR-Kongress ee jonken Här opgedaucht ass, den scho laang net méi Member an der Partei ass. Den Här wor zwar net invitéiert mee hie wor anscheinend do, wëll en als Famiiljemember vu sengem Papp mat koum. Säi Papp ass Member an der Partei. Et handelt sech bei dem jonken Här ëm een vun denen déi vu mir gebiede goufen, d’Partei ze verloossen, well si Kontakter zu rietse Gruppéierungen haten.
Do gesäit een: d’ADR hat hir Aarbecht gemaach.
Déi Gréng maachen hir awer net. Iwwer d’Proximitéit vun denen jonke Gréngen zu lénksextreme Stréimungen hat ech nach viru kuerzem op dësem Blog geschwat („Déi jong Gréng an déi Lenksextrem“).
Och am Dossier Pädodophilie kann een sech iwwer déi Gréng nëmme wonneren. Den Här Turmes akzeptéiert nach ëmmer den Här Cohn-Bendit als säi Fraktiounschef am Europaparlament. An hien an den Här Bausch hunn souguer nach zësummen mam Här Cohn-Bendit Bréiwer un den Här Juncker geschriwwen (2010), wou dem Här Cohn-Bendit seng Vergaangenheet scho laang bekannt wor:
http://www.europaforum.public.lu/fr/actualites/2010/05/verts-jcj-eurozone/verts-lettre-jcj.pdf
Den „Dany“, de Fränz an de Claude schéngen sech jiddefalls gutt ze verstoen…
Ech géng jiddefalls kee Bréif zësummen mat dem do Här ënnerschreiwen. Ech mengen déi Gréng wäre gutt beroden, beim Thema Moral mol hir Hausaufgaben ze maachen!
Déi Gréng sinn eng Partei déi sech zwar fir Dëschtelen an Mouken engagéiert, mee ongebuere Kanner einfach sou ëmbrénge loosse wëll. Si sinn och eng Partei déi d'“Euthanasie“ op behënnert Kanner wëll ausdehnen (cf. Ried vum Här Huss an der Chamber – och op dësem Blog ze fannen). Fir mech gëtt et an där grénger Ideologie däitlech faschistoïd Tendenzen.
Déi Gréng hunn den Här Cohn-Bendit iwwregens net nëmmen net ausgeschloss, mee en ass nach ëmmer an allen Eieren. An an Däitschland kënnt ee grénge Pädophilie-Skandal nom anere raus. Ech hoffen, datt déi Gréng och hei am Land den 20. Oktober dat kréien wat si verdéngen: e miserabelt Resultat!