De Sonndeg huet den Här Claude Wiseler an enger „Table ronde“ nach eemol ëffentlech confirméiert, datt d’CSV wëll den Artikel 52 vun der Verfaassung änneren. An dem Artikel steet bis elo, datt nëmmen d’Lëtzebuerger däerfen d’Chamber wielen.
FRO: Firwat ass d’CSV dofir den Artikel aus der Verfaassung eraus ze huelen, wann si jo behaapt géint d’Auslännerwalrecht ze sinn?
Hei ass den nach eemol den Extrait aus dem Chamberrapport iwwer d’Aennerung vum Artikel 52. D’CSV selwer huet proposéiert den Artikel aus der Verfaassung eraus ze huelen!!!
Wéi et ausdrécklech an dësem Rapport steet, huet de President vun dëser Kommissioun, den CSV-Deputéierten Paul-Henri Meyers, déi betreffend Formuléierung proposéiert. Hei ass së:
„Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois.“
Wat dat passivt Walrecht fir Auslänner ugeet, ass d’CSV just „à ce stade“ nach „plutôt“ dogéint. Den Här Paul-Henri Meyers sot an der Chamber (de „Président“ ass den Här Meyers (CSV)):
„Dans le cadre de l’échange de vues afférent, M. le Président soumet encore à discussion la proposition de texte suivante : « Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois. », ainsi que la question de l’ouverture du droit de vote passif à des non-Luxembourgeois, question à laquelle il tend à ce stade plutôt répondre par la négative. “
Conclusioun: d’CSV LITT!
An hei ass d’AENTWERT op eis Fro.
D’CSV wëll:
1. An dëse Walen keng Stëmme verléieren an dem si sou mëcht als wär si géint d’Auslännerwalrecht,
2. No de Walen d’Verfaassung änneren (Artikel 52) wéi an der Propositioun Meyers virgesinn.
3. Zoulossen dat e Gesetz mat enger 2/3 Majoritéit gestëmmt gëtt, dat d’Auslännerwalrecht aféiert, oder, alternativ hiren eegene Walprogramm applizéieren:
„Wir werden innerhalb der EU aktiv für eine einheitliche Lösung werben, die allen EU-Bürgern die gleichen politischen Rechte in Europa einräumt.“
A bis déi fonnt ass, gëtt d’CSV dann alt schonn den EU-Bierger hei am Land dat Recht fir bei de Chamberwalen matzewielen. Dat si jo schliesslech keng Auslänner mee „EU-Bierger“. Bei där Léisung geng d’CSV dann an der Chamber och sou e Gesetz matstëmmen.
Fazit: Wee géint d’Auslännerwalrecht ass, muss d’ADR wielen!