2030.lu, respektiv d’Wort, haten zwou „tables rondes“ organiséiert zu denen si nëmmen déi véier Parteien invitéiert haten, déi an der leschter Chamber op Fraktiounsstäerkt woren. Op där enger Säit kann ech si verstoen, well wee wëll scho Folkloristen, Piraten oder PID-leren eng Tribün ginn. Op där anerer Säit bedaueren ech den Ausschloss vun dene Lénken, de Kommunisten an der ADR. Net well ech selwer ADR-Politiker sinn (oder war, dat gesi mir geschwënn :-)) ), mee well déi do Selectioun eng enorm Veraarmung vun der politescher Landschaft bedeit.
Dat Ganzt erënnert mech un de Bundestag – ouni FDP an AfD ass dee leider politesch zum Eenheetsbräi ginn. Just „Die Linke“ setzt do nach aner Akzenter. Hei am Land ass et nach méi schlëmm: DP. CSV, Establishment-LSAP an Armani-Gréng ënnerscheeden sech bal iwwerhaapt net.
DP, CSV, LSAP a Gréng sinn fir d’Auslännerwalrecht (d’CSV mecht dobäi just en Emwee)
DP, CSV, LSAP a Gréng ennerstëtzen prnzipiell d’Delvaux-Schoulreformen
DP; CSV, LSAP a Gréng stinn fir en Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht
DP, CSV, LSAP a Gréng manipuléieren den Index
DP, CSV, LSAP a Gréng si géint de Reliounsunterrecht am Secondaire
DP, CSV, LSAP a Gréng si fir en Tram an der Stad
DP, CSV, LSAP a Gréng wëllen en europäesche Federalstaat
an déi Lëscht kéint ee nach ganz laang weiderféieren! Déi Gréng an déi Blo kéinte praktesch ouni Problemer fusionnéieren a si hu jo och scho vill Presskonferenzen zësummen organiséiert. U sech sinn déi „Griberal“ just nëmmen nach eng eenzeg öko-liberal Partei.
Wou ass do déi aner politesch Meenung? Wou ass d’Alternativ? Ouni KPL, Lénk an ADR felen wichteg an eben ANER Meenungen, vu lénks bis méi konservativ an der Diskussioun. Wann 2030.lu an d’Wort hoffen, datt déi nächst Chamber aus denen do véier Parteien soll zësummegesat sinn, dann ass awer dee leschte Recht vu politëschem Pluralismus hei am Land gestuerwen.
Sou „tables rondes“ wéi déi, déi mir do erlieft hunn liewe just nach duerch d’Ennerscheeder an de Perséinlechkeeten vun de Spëtzekandidaten – net méi duerch hir Politik. An dat ass net nëmme schued – et ass geféierlech fir déi politesch Kultur hei am Land.