Leit déi sech fir Philosophie interesséieren, hunn dobäi net ëmmer un hire praktesche Wäert geduecht. Dee Konzept, sou wéi mir haut mat ëm konfrontéiert sinn, muss also eng vun denen wonnerbaren Entdeckungen vun de 68er sinn . Ech hunn ëmmer dru gezweifelt, datt dee Begrëff haut nach am aristotetelesche Sënn ze verstoe wär, als e Genre Staatsdoktrin, oder am Sënn vun teleologesche Kategorien.
Et geet éichter ëm e Genre politesch korrekt Verhalensregelen an eiser moderner Gesellschaft mat enger héichtrabender Etiquette. An dat Ganzt soll och de Reliounsunterrecht gläich mat ersetzen. Déi Jonk sollen d’Reliounen och lo an dem do Unterrecht kenne léieren.
Gëschter hunn ech mech besonnesch jonk gefillt a si mir dowéinst e Schoulbuch kafe gaang: „Praktische Philosophie 2“, E Buch mat engem „Arbeitsheft“. Wat hunn ech mech op all dat gefreet, wat ech lo géng bäiléieren!
Op e puer Säiten geet iwwer d’Chrëschtentum Rieds. Do hunn ech da mol ugefaang mat liesen.
Zitat iwwer de Jesus von Nazareth (Arbeitsheft, S. 42): „Er wird als Vermittler zwischen Gott und Mensch angesehen, der von Gott auf die Erde gesendet worden sei.“ E Beruffskolleeg praktesch, en Ambassadeur.
De Kateschismus vun der kathoulescher Kierch seet awer eppes ganz anecht: Do ass Jesus „der menschgewordene Sohn Gottes“, „das eingeborene Wort des Vaters“ , „die „Fülle der ganzen Offenbarung“, „wahrer Gott und wahrer Mensch“, an sou weider. D’Sprooch ass eng aner, d’Biller sinn anescht, den Zësummenhank ass anescht, de Sënn ass en aneren.
Am Reliounsunterrecht léiert een eng Relioun verstoen, an der „praktescher Philosophie“ gëtt et héchstens eng karikatural Beschreiwung vun der Relioun.
Buch, S. 151: „Christen glauben, dass Jesus am Kreuz gestorben, nach drei Tagen aber von Gott zu neuem Leben auferweckt worden ist. Damit habe Gott das Handeln und die Botschaft von Jesus endgültig bestätigt.“ An der Diplomatie nenne mir dat „Lettres de Créance“: Ech, Staatschef Gott am Himmel, confirméieren, datt den do Här Jesus mäin Ambassadeur wor. Haut maache mir sou Formalitéiten just nëmme nach virum Doud, dat deet och manner wéi.
Déi Begrëffer „Sënn“, „Erléisung“, „Affer“ kommen an der praktescher-Philosophie-Verdréiung vum Chrëschtentum iwwerhaapt net vir. De Kateschismus seet awer: „Christus hat sich für unsere Sünden seinem Vater dargebracht“.
An enger Welt déi als Sënnen just nëmme nach Emweltsënnen kennt (zwou Fläschen leien niewent dem Dreckseemer am Bësch), ass dat do natierlech net ze verstoen.
De Reliounsunterrecht ass a mengen An net nëmmen eng Optioun, en ass eigentlech batter néideg fir de Mënschen eng philosophesch Reflexioun iwwer hir eege moralesch a spirituell Dimensioun ze erméiglechen. Datt d’CSV de Reliounsunterrecht ofschafe wëll ass net nëmme politeschen Opportunismus, et ass e weidere Schrëtt an déi geeschteg a moralesch Barbarei vun eiser Gesellschaft.
Grondlegenden Problem mat der Comprehensioun huet der do, Chef: Wann ech vu baussen op eppes kucken, analyséiren ech dat anescht, wéi wann ech dra sinn. Op ech elo op en Kult wéi d’Creschtentum, d’Zeugen Jehovas oder soss eng Superhero-Geschicht kucken: ech maache mer nie dem Kult seng Aussoen zu eegen, mee beschreiwen vu baussen, wéi en sech verhält an wéi en sech versteet.
Wann ee klaack matzen dra steet, am Kult, da kann een dat net onbedengt novollzéien. Mee een, deen dat en passant an enger Rei vun Kulten kuckt, deen beurteelt éischter d’Verhalen vun den Adepten, wéi elo all Wuert aus dem Katechessem.
Ma dat ass et jo grad, an dat huet den Här Kartheiser jo och geschriwwen: de Reliounsunterrecht ass fir Leit, déi RELIOUNSunterrecht wëllen an net iirgendee Philosophiesunterrecht, deen d’Relioun och nach verdréint! Déi Leit wëllen ebe kee „Bléck vu baussen“! Dofir gët de Reliounsunterrecht jo och gehale vu Leit, déi Theologie studéiert hun. Déi, déi keng Relioun wëllen, hu jo d’Alternativ.