Nee. Jiddereen huet natierlech dat Recht eng ze grënnen, oder och zwou oder dräi. Dat ass e wichtegen Deel vun enger lieweger Demokratie. Mee eng Partei sollt awer fir eng droend Iddi stoen, e bestëmmte Gesellschafts- oder Wirtschaftsmodell favoriséieren oder e Léisungsviirschlag fir iergend ee laangfristegen Problem proposéieren. Si sollt also eng Existenzberechtegung hunn déi iwwer eng Moud oder en Egotrip eraus geet.
Konkret geschwat: dem Här Colombera seng Sekt halen ech fir politesch iwwerflësseg. Ech mengen och net, datt si d’Walen iwwerlieft. D’Piratepartei halen ech och éichter fir eng Moud, doriwwer raus fir en importéierte Phänomen, mee och ouni kloer Plaz an eiser Parteielandschaft. Hir Internetiddien ginn, souwäit se vernënfteg sinn, lo schonn vun allen anere Parteie matvertrueden. An hir gesellschaftspolitesch Virstellungen si banal a lénks. An domat ass och dat Thema ofgeschloss. Ech gesi si däitlech ënner 2%.
Dene Lénken an de Kommunisten ginn ech awer eng Zukunft. Ech menge si sollte fusionnéieren an eng staark lénk Alternativ an dëser Gesellschaft sinn, virun allem och a schwiregen Zäiten. Ech halen zwar absolut näicht vun hiren Iddien, mee ech mengen, datt et déi awer onbedéngt muss an eisem Parlament ginn. Hir Konzepter sinn zwar net realisabel, mee op d’mannst intellektuell interessant.
Déi Gréng an déi Liberal kéinten och eigentlech fusionnéieren. Dat wat si trennt ass wierklech alles verhandelbar. D’Fro ass awer: gëtt et déi Konkordanz nëmmen un der Spëtzt oder och un der Basis? Anscheinend zitt déi gréng Basis méi no lénks. Bei denen Liberalen froen ech mech ob wierklech all Member mat dem lässeg-légèren-Sunny-Boy Optrëtt vun der Partei zëfridden ass. Déi Liberal fréier woren eng eecht Partei, haut ass et méi Show. Ech kéint mer viirstellen, datt et och an der DP Leit gëtt, déi sech aner Féierungsperséinlechkeeten génge wënschen. Sollt déi Konkordanz un der Spëtzt an dene jeweilegen Basisstrukturen net gedroe gëtt, driften déi Parteien awer mëttelfristeg nees auserneen.
D’LSAP ass zerrappt tëschent dene Lénken an hirem liberalen Spëtzekandidat. Wann si net an d’Regierung kommen, da kritt déi Partei ganz eecht intern Konflikter. Dat géng hir vläicht gutt doen. Jiddefalls awer ass d’Existenzberechtegung vun der Sozialdemokratie a mengen An net a Fro ze stellen.
D’CSV huet keng Séil méi. Si ass just nach eng Politgestiounsmaschinn mat engem Kinnék. An dee gëtt all Dag méi schwaach. Dat lähmt déi Partei an eis ganzt Land mat. Politesch steet d’CSV egal wou a néierens: federalistesch, anti-chrëschtlech, verschwenderesch, feministesch, tiersmondistesch, euthanasistesch, ofdreiweristesch, homoistesch: you name it, they do it. Ech froe mech, ob d’CSV-Memberen wierklech all sou karierristesch sinn, datt si dat do nach laang mat maachen. Wou sinn d’Chrëschten an der CSV? Wou d’Patrioten? Wou d’Lëtzebuerger? Ech mengen, datt d’CSV sech roueg kéint deelen, een Deel bei d’Sozialisten an een Deel bei d’ADR.
Iwwer d’ADR soen ech net vill, well ech si kloer befaang. Mee ech zweifelen net un der prinzipieller Existenzberechtegung vun enger wäertorientéierter, konservativer Partei.
Fir mech sollt et also eng KPL/Lénk ginn, eng öko-liberal Partei, eng sozialdemokratesch an eng konservativ. Dat si véier kloer Iddien. Eigentlech kann ech a menger Analys vun haut am mannsten mat der PID, de Piraten an der CSV ufänken.