De Moien hate mir geléiert, datt Jesus gestuerwen ass fir datt Gott konnt beweisen, datt en en Hermes, e Merkur war, ën Himmelsbréifdréier oder, wéi ech virgeschloen hat, en Ambassadeur. Dat wor op der Säit 151 vun onsem Buch.
Op der Säit 154 komme mir vum Administrativ-Prakteschen an dat politesch Korrekt. Hei léiere mir déi zweet Interpretatioun kennen. „(Jesus) starb für seine Ueberzeugung, dass Herrschaft von Menschen über Menschen überwunden werden kann – gewaltlos.“ E Mahatma Ghandi virun der Zäit! E politesch Verfollegten! Dat do passt den 68er – mat sou Sätz kann een e Jesus géint d’NATO, géint de Kapitalismus a fir den Emweltschutz bastelen. Et gëtt ëmmer méi karikatural!
Dat Buch „praktesch Philosophie“ baut sech seng eege Relioun a këmmert sech iwwerhaapt net ëm dat wat d’Glaawenswouerechten vun de Chrëschte wierklech sinn – iwwregens net nëmmen vun dene kathouleschen. A wat sollen déi Jonk dann do léieren oder verstoen?
Well lo geschwënn déi wonnerschéin Adventszäit kënnt a mir eis op d’Gebuert vun eiser Här freeën, wëll ech Iech, léif Lieser vun der „Konservativer Säit“, och net déi praktesch-philosophesch Chrëschtgeschicht virenthalen. Et fänkt scho gutt un:
„In einer Legende (Glaubenserzählung) berichtet Lukas über die Geburt von Jesus:“ – also si mir, der Meenung vun de „praktesche Philosophen „no, an enger Märchestonn oder sou eppes Aehnlechem wa mir an der Bibel liesen …
An lo den éichte Saz als „Appetizer“: „Die Eltern, Josef und Maria, sind auf dem Weg nach Betlehem.“ Mir léieren also: de Josef ass de Papp vum Jesus. Majo dann…
Genau. Märchenstonn, Geschichten erzielen. Dat Buch gett mer emmer méi sympathesch 😉