Op dësem Dag vun der Commémoration nationale ass et wichteg un all déi ze denken, déi hirt Liewen fir eis Souveränitéit an eis Fräiheet geloos hunn an un all déi vill aner déi ënnert der Gewalt vum Nazi-Regime gelidden hunn.
Mir denken un all déi Zwangsrekrutéiert, un d’Réfractairen, déi Deportéiert, d’Passeuren an un d’Helden vun der Resistenz. Mir soen all dene Merci déi grouss perséinlech Affer bruecht hunn, fir aneren zë hëllefen. Mir denken un déi vill jüdesch Affer an un all déi, déi aus politesche Grënn hir Fräiheet oder hirt Liewe verluer hunn. Mir mussen hir Undenken éieren a lieweg halen.
Merci fir déi, déi gestreikt haten, Merci fir déi, déi Leit verstoppt a gerett hunn, Merci fir déi, déi an alliéierten Arméie gekämpft hunn.
Vill Leit si fir eis Heemecht gestuerwen. Un eis ass et fir och haut nach e fräit a souveränt Lëtzebuerg ze erhalen an dem eis lëtzebuerger Natioun kann alleng decidéieren wat geschitt. Haut droe vill jonk Leit fräiwëlleg d’Uniform vun eisem Land fir fir eis Fräiheet an Onofhängegkeet anzestoen. Mir wierdegen dowéinst och de Bäitrag vun der lëtzebuerger Arméi zum Fridden an zur Sëcherheet.
Mir hoffen, dat ëmmer méi jonk Leit sech nees hire patriotesche Flichten bewosst ginn an dësst Land sou gär hunn wéi déi Krichsgeneratioun et eis heroesch virgelieft huet.
Mat déiwem Respekt erënnere mir eis un d’Groussherzogin Charlotte a soen eiser Monarchie Merci fir hir wichteg Roll bei der Erhaalung vun eiser Onofhängegkeet.
Mir soen all denen Alliéierte Merci ouni déi mir haut net fräi wären: den USA, dem Vereenegte Kinnekräich, Frankräich, Russland a villen aneren Staaten op dëser Welt.
Vive Lëtzebuerg! Vive de Grand-Duc!
Wéi war dat dann mat Russland? War Dir sou frou, dass si eis befreit hunn, dass der se dono ausspionéiert hutt als Doppelagent? Oder hutt dir de stalinistesche Regime ënnerstëtzt?
Här „Loriot“,
Am Krich wore mir objektiv Alliéierten vun der Sowjetunioun. Direkt nom Krich huet sech dat awer geännert. Ech wëll Iech just un dem President Truman seng Ried vu Fulton erënneren, an där hie schonn 1946 vun engem „eiserne Rideau“ geschwat huet. Kuerz drop gouf d’Truman-Dokrin festgeluegt. Dir erënnert Iech secher och nach, datt et an där Zäit zu der Berlin-Kris koum, dono zu de Krisen a Südosteuropa mat der Ausbreedung vun de kommunistesche Regimer. 1950 koum et mat dem Koreakrich zu engem éichten Héichpunkt am Kale Krich. Meng Zäit als Agent géint d’Sowjetunioun huet an der zweeter Haltschent vun den 80er Joeren ugefaang, also laang nom stalinistesche Regime. Allerdéngs woren déi sowjetesch Geheimdéngschter zu där Zäit nach extrem aktiv a geféierlech fir eis westlech Demokratien.
Ech wor a sinn en engagéierte Géigner vum Kommunismus an allen aneren totalitären Ideologien. Ech wor a sinn awer och ëmmer russophil gewiescht. Ech bewonneren déi russesch Sprooch a Kultur a si frou, datt dat Vollék haut méi Fräiheet genéisst wéi zu der Zäit vun der Sowjetunioun.
mat beschte Gréiss,
Fernand Kartheiser
Aha, nach en topeche Commentar vun engem Ignorant, deen ower méi ewéi frou ass, datt Lëtzebuerg keng DDR gin ass! Merci, Här Kartheiser, datt Der déi riskant Aarbecht als Agent gemaach hutt fir d’Erhale vun de westlechen Democratien! Nëmmen an dësen Democratië kann egal wien egal watfir eng blöd Commentare maachen, ouni dofir bestroft ze ginn.
Den Här Vicco von Bülow wor iwwregens keen Ignorant a verdéngt et net, datt säin Numm fir esou Commentare mëssbraucht gët!