Eng Woch virun de Walen kämpft d’CSV mat engem Phänomen den een allgemeng als Panik beschreift. Dacks vergeet bei Panikufäll d’Capacitéit fir kloer ze denken a fir rational ze handelen. Op enger Presskonferenz gëschter huet d’Madame Hetto dowéinst vun enger „Kultur der Gleichheit“ geschwat. An dat natierlech nees mat Quoten a Verbindung bruecht.
http://www.wort.lu/de/view/zeitlich-begrenzte-quote-ins-auge-fassen-5257c675e4b01316222f3856
Mee hei geet et net nëmmen em Feminismus, mee bei sou engem Ausdrock wéi „Kultur der Gleichheit“ geet et ëm fundamental ënnerschiddlech Opfaassungen an der Gesellschaftspolitik. Natierlech gëtt et Instanzen wou mir prinzipiell all musse gläich sinn: virum Gesetz, an der Medizin, bei de Mënscherechter. An natierlech musse mir eis drëm beméien fir alle Leit eng Chance ze ginn an ze probéieren eng Chancegläichheet ze erméiglechen. Mee ebe grad well mir virum Gesetz all solle gläich sinn, därf et och keng sougenannte „positiv“ Diskriminéierung ginn!
Awer d’CSV ass a Richtung Egalitarismus („égalité dans les faits“) ënnerwee, wat en totalitäre Gedanken ass. D’CSV féiert emmer nei Ausnamen bei de Grondrechter an, an ëmmer nei Regelen déi d’Familljen an d’Entreprise belaaschten. Fir d’CSV muss och nach gläich gemaach ginn, wat net nëmmen anecht ass mee och nach anescht soll sinn! D’ADR vertrëtt dogéint d’Chancegläichheet, d’Fräiheet an d’Diversitéit, also e fundamental liberale Gedanken.
Wann d’Madame Hetto eng historesch Dimensioun an hier politesch Aktioune geng mat abezéien, da wéisst si, datt déi egalitär Ideologien bal ëmmer och totalitär waren, wéi z.B. de Kommunismus an de Faschismus. An och de Feminismus, dat soen ech hei nach eemol kloer an däitlech, ass eng totalitär a liberticide Ideologie. De Feminismus dréint sech haut virun allem géint déi Fraen, déi mat denen doktrinäre Fraebiller vun den 68er net averstane sinn. Géint d’Männer ass déi Ideologie souwisou, per definitionem.
Wat heescht da „Kultur der Gleichheit“ fir d’Madame Hetto? Dat e puer Quotefraen an d’Verwaltungsréit vun de Entreprise gesat ginn? A Norwegen wor dat Experiment eng Katastrof! Do ginn déi Dammen „d’Goldräckelcher“ genannt, well si d’Jetonen qua Geschlecht sammelen. Vill Entreprisen hunn hir juristesch Form dowéinst geännert, anerer hunn hire Sëtz an d’Ausland verluegt. E puer Fraen huet d’Quot räich gemaach a wat ass domat fir all déi aner Frae gemaach ginn?
Heescht „Kultur der Gleichheit“ dat weider soll géint déi Frae gehetzt ginn, déi sech Vollzäit ëm hir Famill wëlle këmmeren a bewosst net wëlle baussent der Famill schaffe goen? Fir d’ADR mussen d’Fraen an d’Familljen eng wierklech fräi Wiel treffe kënnen wéi e Liewensmodell fir si dee richtegen ass, an dofir och déi materiell Méiglechkeete kréien. An eng fräi Wiel heescht, dat och jiddereen muss fir dat respektéiert ginn wat e mecht, fir d’Aarbecht am Beruff grad sou wéi fir d’Aarbecht an der Famill. An dene Fraen déi déi zwee Modeller kombinéieren muss besonnesch gehollef ginn, grad dann wa si alléng sinn.
Heescht „Kultur der Gleichheit“, datt d’CSV weider wëll Questionnairen ausdeelen, fir rauszefannen wen doheem an der Famill wat mecht, wen den Dréckseeemer raus dréit a wen d’Wëndele wiesselt? Alles dat ass eng Privatsaach an dat geet de Staat an d’Madame Hetto iwwerhaapt näicht un!
Nee, enger „*Kultur der Gleichheit“ – d'“Unwort“ vum Dag“! – muss een eng „Kultur der Freiheit“ entgéint setzen. De Staat huet den Individuum an d’Famill ze respektéieren an all Formen vun Amëschung an d’Privatsphär an an déi perséinlech Fräiheeten ze refuséieren!